Ferdinand Baldauff

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Jean Joseph Ferdinand Baldauff, gebuer zu Iechternach de 15. Januar 1830, gestuerwen zu Réimech den 1. Juli 1866, war e lëtzebuergeschen Dokter.[1]

Seng Eltere waren de Joseph Baldauff an d'Suzanne Tschiderer (Tschiederer).

No senge Secondairesstudien an der Iechternacher Mëttelschoul an am Stater Kolléisch huet hien op den Universitéite vu Louvain, Léck, München, Prag a Paräis Medezin studéiert.[2] Säi lëtzebuergeschen Doktorat an der Medezin huet hien de 6. November 1856 ofgeschloss, duerno war et den Doktorat an der Chirurgie, den 28. Dezember 1860, an an der Gebuertshëllef, den 28. Oktober 1861.[1] Hien huet sech zu Réimech etabléiert, wou säin eelste Brudder, de Joseph Johannes Franz Baldauff (*1824)[3], Schoulmeeschter war, a wouhin hien a seng Mamm nom Doud vum Papp geplënnert waren.

De 16. Dezember 1857 huet hie sech zu Réimech mat der Cathérine Altwies, gebuer den 20. Dezember 1829 zu Réimech, d'Duechter vun engem Réimecher Geschäftsmann, bestuet.[3]

1861 war hie Grënnungsmember vun der Société des sciences médicales.[4]

Während der Choleraepidemie vun 1865/66 huet den Dr. Baldauff net nëmme seng eege Patiente vu Réimech an Ëmgéigend behandelt, hie war och nach vum Collège médical delegéiert ginn, sech ëm déi krank Leit vu Bus, Stadbriedemes a Greiweldeng ze këmmeren. Dës Missioun huet den 13. Juni 1866 ugefaangen. Dobäi huet hie sech infizéiert, wahrscheinlech zu Greiweldeng, wou hien déi ganz Nuecht vum 30. Juni op den 1. Juli am Asaz war an um Wee fir heem déi éischt Symptomer vun der Krankheet gespuert huet. E puer Stonne méi spéit ass hien doheem un der Cholera gestuerwen.[5] Hie war deen eenzege vun de lëtzebuergeschen Dokteren, deen en Affer vun der Choleraepidemie gouf.[6]

Hien huet eng Witfra mat fënnef klenge Kanner hannerlooss. No laangem hin an hier huet d'Chamber de 15. Februar 1867 decidéiert, der Fra eng Pensioun vun 800 Frang pro Joer z'accordéieren, mat dem Argument, den Dr. Baldauff hätt sech an offizieller Missioun ugestach. 16 Deputéiert waren dofir, 8 dogéint; den Deputéierte Joseph Tschiderer, de Monni "par alliance" vun der Witfra, huet sech enthalen.[7]

Dem Ferdinand Baldauff säi fréien Doud schéngt d'Leit déif beandrockt ze hunn a matt der Zäit ass d'Seechen entstanen hie wier lieweg begruewe ginn, net zu Réimech, wou hien a Wierklechkeet gestuerwen ass, mä zu Gouschteng, wou hien awer de facto net am Asaz war. Hei d'Geschicht, wéi se an d'Chronik vu Gouschteng agaangen ass: Von Dr. Baldauff, der die Kranken pflegte, wird erzählt, er habe einmal ein Schlafmittel genommen. Als man ihn daraufhin in der Aufregung tot glaubte, wurde er, wie die Toten der Ortschaft, sofort begraben. Die Verwandten ließen die Leiche herausnehmen aus dem Grabe, um sie in seine Heimat zu bringen. Und was sahen sie? Der Arzt hatte sich im Sarge umgedreht und sich in der Verzweiflung die Nägel von den Fingern gekratzt. Er war nur scheintot gewesen und lebendig begraben worden.[8]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Anonym, 1998. Personnagen: Jean-Joseph Ferdinand Baldauff. Lëtzebuerger Journal 1998, No 123 (31 Jul.): 17 [falsche Gebuertsuert, falschen Datum fir den Doktorat an der Medezin (deeselwescht Feeler wéi beim Koenig 1920, S. 5)].
  • Anonym, 2000. Personnagen: Jean Joseph Ferdinand Baldauff. Lëtzebuerger Journal 2000, Nr. 10 (15./16. Jan.): 21 [falsche Gebuertsuert, falschen Datum fir den Doktorat an der Medezin (deeselwescht Feeler wéi beim Koenig 1920, S. 5)].
  • Bivort, Jean-Baptiste-Albert, 1867. Nécrologie du Dr. Jean-Joseph-Ferdinand Baldauff, décédé à Remich le 1er juillet 1866. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg 1867, S. 9-11.
  • Bivort, Jean-Baptiste-Albert, 1868. Considérations générales sur l'épidémie cholérique qui a sévi en 1865 et 1866 dans le Grand-Duché de Luxembourg. Bulletin de la Société des Sciences Médicales du G.-D. de Luxembourg 1868, S. 131-314.
  • Demuth, Jos., 1984. Das unbekannte und geheimnisvolle Luxemburg. Chronik eines kleinen, großen Landes. Bd. 7. Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 267 S.
  • Kinn, J.P., 1971. Die Cholera in Gostingen (vom 18.6. - 2.8.1866). Chronik von J.P. Kinn †. In: Chorale Ste Cécile Gostingen: Festivités du Centenaire. Luxembourg, S. 55-56.
  • Koenig, Alexander (Pseudonym: Paul Felix von der Mosel), 1920. Berühmte Moselaner aus de Kantonen Grevenmacher und Remich. Grevenmacher, Neue Mosel-Zeitung (Mich. Braun), 115 S. [falsche Gebuertsuert, falschen Datum fir den Doktorat an der Medezin].
  • Kugener, Henri, 1995. Die zivilen und militärischen Ärzte und Chirurgen in Luxemburg. Luxemburg, Eigenverlag, 768 p.
  • Kugener, Henri, 2005. Die zivilen und militärischen Ärzte und Apotheker im Großherzogtum Luxemburg. Band 1/3 (A-G). Luxemburg, Eigenverlag, S. 1-652.
  • Liez, Nicolas, 1886. Dictionnaire avec des notices biographiques de tous les membres du corps médical luxembourgeois pendant le XIXe siècle. Avec une biographie du Docteur Félix Schaan. Luxembourg, Impr. Vve M. Bourger-Blum, 167 S.
  • Massard, Jos. A., 1988. Echternach und die Cholera. Ein Beitrag zur Geschichte der Medizin und der öffentlichen Hygiene in Luxemburg. Publications du Centre Universitaire de Luxembourg, Département des Sciences: Biologie-Chimie-Physique, fasc. 1, 259 S.
  • Massard, Jos. A., 1993. Medizinhistorische Notizen über die Pfarrei Niederdonven. In: Nidderdonwen 1993. Luxembourg, Impr. V. Buck, S. 225-256.
  • Massard, Jos. A., 2008. Scheintod, Lebendigbegraben, Auferweckung von Toten in Luxemburg und anderswo. Lëtzebuerger Journal 2008, Nr. 215 (5. Nov.): 24-25, Nr. 216 (6. Nov.), S. 23. PDF Journal Text mat Foussnotten

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 Massard 1988, S. 205.
  2. Bivort 1867.
  3. 3,0 3,1 Kugener 2005, S. 71.
  4. Liez 1886, S. 7.
  5. Massard 1993, S. 235. — D'Press huet widderspréchlech Nouvellen iwwer dem Dr. Baldauff säin Doud bruecht. An der Editioun vum Luxemburger Wort vum 7. Juli 1866 (Nr. 156), S. 2, gëtt ee gewuer, datt d'Begriefnes den 2. Juli war. Laut der Notiz, déi op den 3. Juli datéiert ass, wier de Baldauff den Dag virdrun an der Réimecher Kierch vun der Krankheet befall ginn an e puer Stonnen duerno gestuerwen. [1] Dat wier dann den 2. Juli gewiescht. Virdrun hat d'Wort a senger Editioun vum 5. Juli 1866 (Nr. 154), S. 2, schonn eng op den 30. Juni (!) datéiert Notiz bruecht, laut där den Dr. Baldauff un der Cholera gestuerwe wier. [2] Den Demuth 1984, S. 101-102, zitéiert eng aner, op de 4. Juli 1866 datéiert Zeitungsmeldung, wou et heescht: Der Remicher Arzt Dr. Baldauff wurde am 2. Juli in der Kirche von der Krankheit befallen, verschied schon nach wenigen Stunden und wurde wegen der Ansteckungsgefahr noch am gleichen Abend beerdigt.
  6. Bivort 1868, S. 261, Massard 1988, S. 205.
  7. Compte rendu des Séances de la Chambre des Députés du Grand-Duché de Luxembourg 1866-1867, Session extraordinaire, 19e séance, S. 1-20. Kuckt och: Bivort 1868, S. 261; Massard 1993, S. 235; Kugener 1995, 2005, S. 71.
  8. Kinn 1971. Cf. Massard 1993, S. 235; Kugener 2005, S. 71; Massard 2008.