Gouschteng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Gouschtengen)
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gouschteng
Gostingen Burgaass 01 cropped.jpg
Vue duerch d'Burgaass a Richtung Kierch (2016)
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Gostingen
de: Gostingen
Land Lëtzebuerg
Kanton Gréiwemaacher
Gemeng Coat of arms flaxweiler luxbrg.png Fluessweller
Buergermeeschter Roger Barthelmy
Awunner 405 (1. Januar 2013)
Koordinaten 49° 37’ 20’’ N
06° 21’ 14’’ O


Gouschteng, ass eng Uertschaft an der Gemeng Fluessweller. Déi Gouschtenger hunn de Spëtznumm Bounepatscherten.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Gouschteng läit an engem Säitendall vun der Musel.

D'Duerf ass staark vun der Topographie markéiert, mat Héichtenënnerscheeder bis zu 30 Meter. Sou läit am Nordwesten den Härebierg an am Süden de Spreetbierg.

Duerch Gouschteng fléisst d'Gouschtengerbaach, déi bei Éinen an d'Musel leeft.

Struktur vum Duerf[änneren | Quelltext änneren]

Gouschteng ass eng Mëschung tëscht Ronnduerf a Stroossenduerf.

Am Zentrum vum Duerf ronderëm d'Kierch ass Gouschteng ee Ronnduerf, wat ee virun allem vun deene liicht gekrëmmte Stroossen erkennt, déi d'Kierch als Mëttelpunkt hunn. Am Duerfkär ass d'Bebauungsdicht grouss an dowéinst gëtt et hei seele Gäert bei den Haiser. Fréier haten déi meescht Haiser hir Gäert baussent dem Duerf. D'Kierch steet op der Kräizung vun de 4 Haaptstroossen wou mat der Zäit eng ëffentlech Plaz entstanen ass.

D'Kierch gouf 1859 um fréiere Kierfecht, dee vun den éischte fränkesche Siidler ugeluecht gi war, gebaut an 1897 vergréissert. Den Duerfkär léisst op eng fréimëttelalterlech bzw. mëttelalterlech Struktur schléissen, wat vun den Hausnimm Haff, Scheier, Keller, Millesch bestätegt gëtt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Als eelste Bewäis fir eng Uertschaft ass ee Beil aus Steen, dee bis an d'Jongsteenzäit oder den Ufank vun der Bronzezäit zréckgeet. Deen ass op engem Stéck no bei Gouschteng fonnt ginn.

Während dem 2. an 3. Joerhonnert stoung no beim haitegen Duerfkär e gallo-réimeschen Haff. Ob dësem Haff gouf, wéi op all aneren Häff vun där Zäit Véizuucht an Akerbau bedriwwen an d'Haaptprodukter waren Uebst, Geméis, Woll, Lieder a fir d'Muselgéigend typesch de Wäin. Déi Aart a Weis fir Akerbau a Véizuucht ze bedreiwen huet bis an d'Mëttelalter an Neizäit d'Géigend markéiert.

Mat de Germanenafäll gouf de gallo-réimeschen Haff zerstéiert, wat dee fréist-méiglechen Zäitpunkt ass, wou sech d'Franken op der Plaz vum haitege Gouschteng usidele konnten. Déi Fränkesch Siidler hunn d'Leit um Härebierg begruewen, mam Gesiicht géint Oste gedréint. Mat dem Chrëschtentum awer gouf domat opgehalen an et ass ee Kierfecht an eng Kapell entstanen. Den Uertschaftsnumm mat senger Endung op –ingen (Gostingen) huet e germanesch-fränkeschen Ursprong.

Ëm 800 ernimmt en Dokument e Besëtz vun der Abtei Iechternach zou "Gottingamora" (nom Camille Wampach verweist dësen Numm op Gouschteng).

Ëm 1200 féiert de Lehnsregëster vun der Tréierer Abtei Sankt Maximin salescht Land zu "Gozdinge".

1305 gëtt an engem Dokument prezis festgehalen, wat "Goysdingin" den Tréierer Doumhären ofzeginn huet.

Nom Visitatiounsbericht vu 1570 gëtt et zou Gouschteng eng Hl. Kräizkapell.

1635 zielt Gouschteng 32 Stéit. Deenen hier Zuel ass awer, nom Feierstätteverzeechnes vun 1656, duerch Krich a Pescht, op 7 Stéit zréckgaangen.

Vu 1766 si Wéngerten zou Gouschteng nozeweisen. De Wäibau erlieft ee groussen Opschwong vun 1880 un.

1800 gehéiert Gouschteng mat Beyren, Uewer- an Nidderdonwen zur Gemeng Fluessweller.

1808 gëtt Gouschteng, dat virdrun zur Par Lennengen gehéiert huet, eng eegestänneg Par, an zwar zesumme mat de Filiale Beyren a Kapenacker.

1859/60 gëtt um fréiere Kierfecht eng nei Kierch gebaut. Dës Kierch gëtt un déi al Kapell ugebaut. D'Kierch gëtt 1897 vergréissert, et gëtt een neie Klackentuerm gebaut an den alen Tuerm e bëssche méi kleng gemaach. Doduerch huet d'Kierch déi äusser Gestalt kritt, déi se elo am Joer 2013 nach huet. An de Joren 1904 an 1905 ass d'Kierch bannen dran kënschtleresch ausgestalt ginn, besonnesch duerch faarweg Glasfënsteren an duerch Fresken am Chouerraum an iwwer dem Chouerbou. No der Renovéierung vun der Kierch 1970 sinn nach just déi Freskenam Chouer erhalen; si weisen déi biblesch Gestalte Melchisedek an Abraham.

Mat der Grënnung vun engem Gesang- a Fortbildungsveräin 1871 fänkt eng Epoch un, déi am 20. Joerhonnert zou enger "Blütezeit" vun de Veräiner féiert: Cäcilieveräin, Pompjeeën, landwirtschaftleche Lokalveräin, Molkereigenossenschaft, Raiffeisekeess, Amis de la Fleur, déi dann zum "Gaart an Heem" ginn, Mandolineveräin, deen duerch eng Musek ersat gëtt, Spuerveräin, Entente des Sociétés, Dëschtennisclub a Club des Jeunes.

Am 2. Weltkrich hat Gouschteng munneches ënner der däitscher Besatzung an hire Kollaborateuren ze leiden. 26 jonk Männer vun de Joergäng 1920 bis 1925 goufen an de Reichsarbeitsdienst agezugen. Dorënner war och ee Jong vum Kapenaker. 21 vun hinnen hunn duerno missen, als Zwangsrekrutéiert, d'Uniform vun der Wehrmacht droen. Fënnef si virdrun ënnergedaucht a fënnef anerer sinn am Laf vum Krich desertéiert a sinn och verstoppt ginn. 6 jonk Leit vu Gouschteng a Kapenaker hunn hiert Liewen un der Front verluer, 3 anerer goufe bei Krichsenn als vermësst gemellt a spéider als dout erkläert. 7 Gouschtenger (2 Männer a 5 Fraen) sinn a Schlesien ëmgesidelt ginn; 3 sinn an d'KZ komm. Ëmsiidler "deutschen Wesens" (1 Südtirouler Famill an 2 kroatesch Familljen) hunn d'Haiser vun den ëmgesidelte Famillje bis zum Krichsenn iwwerholl.

Am Joer 1955 gouf et zou Gouschteng nieft 44 landwirtschaftleche Betriber, déi och Wéngerte bewirtschaft hunn, 2 Schräinereien, je 1 Usträicher an Handelsbetrib, 3 Wiertschaften, 3 Epicerien an 1 Bäckerei. Zanterhier huet sech d'soziologesch Struktur vum Duerf staark verännert. Am Joer 2013 gëtt et nëmmen nach 7 Wënzer- an 2 Bauerebetriber.

2006 hunn d'Pompjeescorpsen aus der Gemeng sech zou engem gemeinsame Rettungsdéngscht zesummegeschloss, dem Service d'incendie et de sauvetage de la commune de Flaxweiler (SIS Flax). Déi verschidde lokal Pompjeesveräiner besti weider als Amicallen. D'Zesummenaarbecht vun den Dierfer huet et mat sech bruecht, datt et 2013 och zou enger Fusioun vun den Dëschtennisveräiner koum. Den "DT Donwen-Wormer", den "DT Flaxweiler" an den "DT Sporting 72 Gostingen" hunn den "DT Gemeng Fluessweiler" gegrënnt.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäert ass Duerf selwer mä och d'Feldweeër ronderëm Gouschteng, wou ee spadséiere goe kann. Besonnesch interessant sinn d'Weeër laanscht d'Wéngerten, wou een d'Fauna an d'Flora vun den alen Dréchemauere gesi kann.

Eng Kräizegungsgrupp aus dem Joer 1814 steet an der Kapell lénks nieft der Kierch an der rue Bildgen.

An der Kierch si faarweg Fënstere vum Ufank vum 20. Joerhonnert. Si stellen d'Liewe vu Maria duer. Am Chouer gesäit ee Freske vum Gerhard Lamers iwwer d'biblesch Gestalte Melchisedek an Abraham.

Um Kierfecht erënnert ee Monument aus dem Joer 1949 un 8 Jongen, déi am Zweete Weltkrich hiert Liewe fir d'Heemecht hu misse loossen.

Ëffentlecht Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Gouschteng gëtt et 7 Veräiner, déi d'Liewen zu Gouschteng mat ënnerschiddleche Festivitéiten an Aktivitéite gestalten.

Dat sinn:

  • Chorale Ste Cécile Gostingen, gegrënnt 1871
  • Pompjeen Gouschteng, gegrënnt 1905
  • Gaart an Heem Gouschteng-Beyren (ass 1936 schonn ernimmt ginn, zanter 1955 gëtt et awer eréischt Ënnerlagen)
  • Fanfare Gouschteng-Beyren, gegrënnt 1947
  • Spuerveräin "Eng heemlech Mouck", gegrënnt 1961
  • DT Sporting 72 Gostingen, gegrënnt 1972, fusionéiert 2013 mat zwéin anere Veräiner aus der Gemeng zum "DT Gemeng Fluessweiler"
  • Club des Jeunes Gouschteng a.s.b.l. gegrënnt 1987

1967 ass d'Entente des Sociétés de Gostingen gegrënnt ginn, déi als Aufgab huet, de Veräinssall ze verwalten an d'Aktivitéite vun de Veräiner ze koordinéieren.

Infrastruktur[änneren | Quelltext änneren]

  • D'"Schoul", déi fréier als Primärschoul an duerno als Spillschoul benotzt gouf. Elo steet d'Gebai de verschiddene Klibb als Trainings- a Clubraum zur Verfügung
  • Kläranlag
  • Veräinsbau

Perséinlechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Fir ze liesen[änneren | Quelltext änneren]

  • Chorale Ste Cécile Gostingen. 1871-1971
  • 125. Anniversaire Chorale Ste Cécile Gouschténg. 1871-1996
  • 50 Joer Musek zu Gouschténg. 1947-1997
  • Gouschtenger Jubiläumsbuch. D'Geschicht vum Duerf a senge Leit, Lëtzebuerg 2005
  • Reinert, Georges: Beiträge zur Geschichte der Ortschaft und der Flur in: Centenaire des sapeurs-pompiers Gostingen: 1905 - 2005. - Gostingen: Sapeurs-pompiers ; 2005. - P. 73-92, ill.
  • Weirich, Guy: Kirchenbau in Gostingen, in: Chorale Ste Cécile Gostingen, 1971, S. 48-54, ill.
  • Weirich, Guy: Momentaufnahmen aus dem Zweiten Weltkrieg, in: 125. Anniversaire Chorale Ste Cécile Gouschténg, 1996, S. 45-96, ill.
  • Weirich, Guy: Des Führers unfreiwillige Mannen. Erlebnisse von Zwangsrekrutierten, in: 50 Joer Musek zu Gouschténg, 1997, S. 111-151, ill.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gouschteng – Biller, Videoen oder Audiodateien