Fons Bastijns

Vu Wikipedia
Fons Bastijns
Gebuer 28. Januar 1947
Bruges
Gestuerwen 15. November 2008
Bruges
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Foussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 177 Zentimeter
Veräin/Ekipp Belsch Foussballnationalekipp

Den Alfons „Fons“ Bastijns gebuer den 28. Januar 1947 zu Meer, an der Provënz Antwerpen, a gestuerwen de 15. November 2008 zu Bruges, war e Belsche Foussballspiller.

De Bastijns huet 1965 beim FC Molenbeek Brussels Strombeek als Zenterstiermer ugefaange mat spillen, an huet duerno vun 1967 bis 1980 beim FC Bruges als rietse Back gespillt.

Mat Bruges huet hie fënnefmol déi belsch Meeschterschaft an der Jupiler League[1] gewonnen, an dräimol déi belsch Coupe[2].

Hien huet am Ganze 502 offiziell Matcher gespillt, a war laang Kapitän vun der Ekipp vu Bruges.

Ënner dem Trainer Ernst Happel war hien zweemol bei Europacoupefinallen dobäi, an dat an der UEFA-Coupe 1975/1976, an an der Europacoupe fir Landesmeeschteren 1977/1978, all Kéier géint den FC Liverpool.

Déi bekanntst Spiller déi mat him an der Ekipp gespillt hunn, sinn de Julien Cools, Roger van Gool, René Vandereycken, Ulrik le Fevre, George Leekens a Jan Ceulemans.

Hien huet dräi Matcher an der belscher Nationalekipp gespillt, fir d'éischt 1970 géint d'franséisch Nationalekipp duerno 1973 géint d'Norweger, an 1977 géint d'Hollänner.

Zum Enn vu senger Carrière huet hie vun 1980 bis 1982 beim USL Dunkerque, deemools an der zweeter Divisioun, an duerno fir de KV Mechelen gespillt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Marc Barreaud: Dictionnaire des footballeurs étrangers du championnat professionnel français (1932-1997). L'Harmattan, Paris 1998 ISBN 2-7384-6608-7

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Prezisiounen[änneren | Quelltext änneren]

  1. 1973, 1976, 1977, 1978, 1980
  2. 1968, 1970, 1977