Op den Inhalt sprangen

François Vatel

Vu Wikipedia
François Vatel
Gebuertsnumm Fritz Karl Watel
Gebuer 1631
Tournai
Gestuerwen 24. Abrëll 1671
Chantilly
Nationalitéit Frankräich

De François Vatel, gebuer als Fritz Karl Watel de 17. Januar 1631[1] zu Tournai[2] a gestuerwen de 24. Abrëll 1671 zu Chantilly, war e franséische Kach, Pâtissier an Traiteur mat Schwäizer Originnen.

Hie stoung noeneen am Déngscht vum Nicolas Fouquet a vum Prënz Louis II. vu Bourbon-Condé a war en Organisateur vu groussen an aussergewéinleche Fester am Schlass vu Vaux-le-Vicomte an duerno am Schlass vu Chantilly ënner der Herrschaft vum Louis XIV. Hie war ee vun de bedeitendste Käch vu senger Zäit.

De François Vatel housch eigentlech Fritz-Karl Watel, well hie Schwäizer Originnen hat a seng Famill aus der Géigend vun Zürich koum. Déi franséisch Form vum Numm, ënner där en haut nach bekannt ass, staamt aus der Fieder vun der Marquise de Sevigné, déi hien no sengem Doud a literarescher Weis gelueft huet.

De Vatel huet dem Prënz vu Condé scho wärend der Zäit vun der Fronde als Kach, Haushaffmeeschter a Maître de Plaisir gedéngt, wat haut wuel eppes wéi en "Event Manager" wär. Wéi de Prënz dunn zäitweis a Spuenie goung (vu 1653 un), huet de Vatel eng Plaz beim Surintendant des Finances Nicolas Fouquet fonnt, dem deemools räichste Mann aus Frankräich. De Vatel war de "Star" vun der franséischer Pomp- a Prachtkichen aus där Zäit.

De 17. August 1661 huet de Fouquet de Kinnek Louis XIV. op en Dîner fir d'Ouverture vum Schlass vu Vaux-le-Vicomte agelueden, op deem ënnert anerem dem Molière säi Stéck Les Fâcheux fir d'éischt opgefouert gouf. De Kinnek war zudéifst schockéiert an a sengem Houfert getouft, well dem Fouquet säi Fest de Pomp vum Kinnek senge Fester bei Wäitem iwwerschratt hat. Hien huet dat pompööst Fest als Virwand geholl fir de Fouquet de 5. September verhaften ze loossen. Dem Fouquet säi Stot gouf doropshin opgeléist a seng Gidder vum Staat confisquéiert.

Ëm 1667 koum de Vatel nees an den Déngscht vum Prënz vu Condé a war als Kichemeeschter net nëmme fir d'Preparatioun vum Iessen, ma och fir d'Presentatioun dovun zoustänneg. Dozou hunn ënnert anerem Showen an exquisit Kulisse gezielt, grad wéi Theemeniesse mat Freedefeier an Theateropféierungen. Sou Fester hunn e Batz Geld kascht. Fir dat grousst Fest zu Éiere vum Kinnek Louis XIV. am Joer 1671, dat zum Doud vum Vatel gefouert huet, gëtt mat enger Zomm vu méi wéi 600.000 Écu bei ronn 3000 Participante gerechent.

Dem Vatel säi Suicide

De Prënz vu Condé hat 1671 e grousst Fest iwwer dräi Deeg (23. bis 25. Abrëll) zu Éiere vum Louis XIV. organiséiert. De Vatel hat fir freides owes eng grouss Commande Fësch bestallt. Wéi awer am fréie Mueren nëmmen zwéi Kierf Fësch ukomm waren, huet de Vatel sech zudéifst a sengem Stolz getraff gefillt an hie sot: « Je ne survivrai pas à cet affront-ci, j’ai de l'honneur et de la réputation à perdre. »[3] Der Marquise de Sévigné no ass hien duerno op säin Zëmmer gaangen an huet sech ëmbruecht, andeems hie sech dräimol op säi Schwäert gestierzt huet.

Dem François Vatel am Kino

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2000 gouf him en Film gewidmet : Vatel vum Roland Joffé mam Gérard Depardieu an der Uma Thurman an den Haaptrollen.

No him genannt

[änneren | Quelltext änneren]
Commons: François Vatel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. de Gebuertsdatum ass ëmstridden; et geet vu 1625, 1631 oder 1635 rieds (cooksinfo.com)
  2. aner Quellen (cooksinfo.com) nennen als Gebuertsplaz d'Schwäiz
  3. Ech wäert dësen Affront net iwwerliewen, ech hunn d'Éier an e Ruff ze verléieren