Franco Pacini
Franco Pacini | |
---|---|
Gebuer |
10. Mee 1939 Florenz |
Gestuerwen |
25. Januar 2012 Florenz |
Nationalitéit | Italien, Kinnekräich Italien |
Educatioun |
Universitéit vu Pisa, Universitéit La Sapienza |
Aktivitéit | Astronom, Astrophysiker |
Member vun | Accademia Nazionale dei Lincei, Academia Europaea, International Astronomesch Unioun |
De Franco Pacini, gebuer den 10. Mee 1939 zu Florenz, a gestuerwen de 25. Januar 2012 och do, war en italieeneschen Astrophysiker.
De Pacini hat d'Schoul zu Urbino gemaach an zu Pisa a Roum Physik studéiert, wou hien 1964 graduéiert hat. Vun 1967 bis 1973 war hien op der Cornell University a vun 1975 bis 1978 war hie Mataarbechter vum ESO, duerno Professer fir Astrophysik op der Universitéit vu Florenz a Leeder vum Observatoire vun Arcetri.
1967 postuléiert de Pacini, datt staark magnetiséiert Neutronestären hir Rotatiounsenergie ofgi kéinten an e staarke Floss u relativisteschen Deelercher produzéieren. D'Entdeckung vun de Pulsaren e puer Méint méi spéit, huet seng Theorie bestätegt.
De Pacini war Member vun der Accademia Nazionale dei Lincei, Associate Member of the Royal Astronomical Society a Member vun der American Astronomical Society. 1997 krut hien de Präis vun der italieenescher Regierung fir Wëssenschaften (Premio della Presidenza del Consiglio per la Scienza). Vun 2001 bis 2003 war hie President vun der Internationaler Astronomescher Unioun (IAU).
Den Asteroid (25601) Francopacini gouf no him genannt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- (en) Principales publications de Franco Pacini, op der Basis vun ADS-Donnéeën