Friem Regimenter an der Grande Armée

Vu Wikipedia

Obschonn an der Grande Armée Kontingenter déi aus allen Ecke vun Europa koumen, vertruede waren, gouf et nëmme véier Arméicorpsen déi d'Bezeechnung 'Régiment d'infanterie étranger haten.

Déi véier Regimenter waren de Régiment de La Tour d'Auvergne (1. Regiment), de Régiment d'Isembourg (2. Regiment), de Régiment irlandais (3.Regiment) an de Régiment de Prusse (4. Regiment).

Régiment de La Tour d'Auvergne (1er régiment étranger)[änneren | Quelltext änneren]

E Voltigeur vum Régiment d'Isembourg

De Régiment de La Tour d'Auvergne gouf den 30. September 1805 zu Wissembourg op d'Bee gestallt. E bestoung dunn aus 3 Batailloune vun haaptsächlech däitschen Zaldoten, bei déi och nach verschidden aner Nationalitéite geprafft goufen. E krut säin Numm wéinst sengem éischte Kommandant dem Colonel Godefroy de La Tour d'Auvergne. Den 3. August 1811 gouf en a 1er régiment étranger ëmgedeeft. Nom Godefroy de la Tour d'Auvergne gouf de Colonel Drummond 1810 de Kommandant a vun 1811 un de Colonel Danlion. D'Regiment war bei ville Feldzich besonnesch vun 1807 bis 1810 an Italien engagéiert, sou wéi 1809/1810 a Spuenien. An Italien huet et am September bei der Schluecht vu Scylla a Kalabrien a bei de Schluechte vu Brixen an 1814 an der Schluecht um Mincio matgekricht. D'Regiment gouf den 2. Mee 1815 opgeléist.

Régiment d'Isembourg (2e régiment étranger)[änneren | Quelltext änneren]

De Régiment d'Isembourg gouf den 1. November 1805 zu Mainz opgestallt. E war nom Prënz vun Isembuerg genannt, deen d'Missioun hat fir d'Regiment opzestellen. D'Regiment huet aus dräi Infanteriesbatailloune bestanen a gouf vum Colonel O'Meara kommandéiert. 1807 war et a Süditalien engagéiert, a war duerno an de Kämpf ëm Capri am Oktober 1808 am Asaz. 1809 gouf et zu Neapel an a Kalabrien stationéiert, an 1810 gouf et a Spuenien detachéiert. Do hat dunn de Colonel Stieler de Kommando an et war bei Krichereien zu Carascal, am Juli 1810, an zu Salinas am Dezember vum selwechte Joer derbäi.

Den 3. August 1811 gouf et an 2e régiment étranger ëmgedeft a war dunn 1803 am Tiroul an der Mühlbacher Klaus engagéiert.

Régiment irlandais (3e régiment étranger)[änneren | Quelltext änneren]

Dee Corps gouf den 13. August 1803 ënner dem Numm Légion irlandaise opgestallt, an huet am Ufank just aus engem Batailloun bestanen. 1809 gouf en op 2 a gläich duerno op 3 Batailloune verstäerkt. E gouf 1810 a Spuenien engagéiert an huet den 21. Abrëll vun deem Joer bei der Belagerung vun Astorga matgekricht. 1813 beim Däitschlandfeldzuch war d'Regiment bei der Schluecht vu Löwenberg a bei där vu Goldberg derbäi. Duerno koum et nach eng Kéier op der Bober an den Asaz. Ufanks 1814 gouf et zu Antwerpen kantonéiert an den 12. Mee vun deem Joer gouf et opgeléist.

Régiment de Prusse (4e régiment étranger)[änneren | Quelltext änneren]

Regimenter vun 1815[änneren | Quelltext änneren]

1815 kuerz nodeems den Napoléon nees a Frankräich war huet hien nees 5 friem Regimenter opgetallt an zwar de 1er Piémontais dee spéider den 31e Léger gouf, den 2e Régiment suisse, den 3e Régiment polonais, de 4e Régiment allemand an de 5e Régiment belge.

Aner Arméicorpsen[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Légion piémontaise
  • Bataillon de pionniers noirs
  • Régiment d'Illyrie
  • Légion portugaise
  • Schwäizer Truppen
    • 3 Hallef-Brigaden
    • 4 Infanteriesregimenter
    • Bataillon de Neufchâtel
    • Hussarden a Jeeër
  • Badesch Truppen
    • 3 Linneninfanterieregimenter
    • 1 Batailloun liicht Infanterie
    • 1 Regiment liicht Dragouner
    • 1 Schwadroun Leifgarde
    • 1 Regiment Hussarden
    • 1 Regiment Dragouner
    • 4 Artilleriesbatterien zu Fouss
    • 2 Artilleriesbatterien zu Päerd
  • Weichsellegion
  • Krakusregiment
  • Kroatesch Regimenter
    • 1. Regiment: Lika
    • 2. Regiment: Ottochaz
    • 3. Regiment: Ogulin
    • 4. Regiment: Sluin
    • 5. Regiment: 1. Banat
    • 6. Regiment: 2. Banat
  • Regimenter vun Hessen-Cassel a vun Hessen Darmstadt
  • Sächsesch Kontingenter
  • Mëttelmierregimenter