Fun um Glacis

Vu Wikipedia
Offiziell Ouverture den 12. August 2021

De Fun um Glacis war eng Kiermes déi vum 21. August bis den 12. September 2021 um Glacis an de Stad organiséiert gouf. Et war eng Ersatzveranstaltung fir d'Schueberfouer, déi wéinst der weltwäiter COVID-19-Pandemie fir d'zweet Joer hannerteneen ausgefall war.

Um Glacis waren am Ganzen 41 Attraktiounen a Stänn opgeriicht. Fir déi néideg sanitär Moossnamen ze garantéieren an ze verhënneren, datt d'Leit zevill no beienee stinn, waren d'Ofstänn tëschent den eenzele Geschäfter méi grouss, wéi dat bei enger normaler Fouer de Fall ass.

D'Haaptattraktioun vun der Manifestatioun waren zwou grouss Achterbanen, fir déi normalerweis keng Plaz um Glacis ass. Engersäits war et den „Olympia Looping“, déi gréisst transportabel Achterban vun der Welt mat fënnef Loopings an anersäits déi gréisst Achterban ouni Loopings, d'„Alpina Bahn“.

Fir d'Veranstaltung gouf de Glacis an zwee opgedeelt: op der ieweschter, grousser Plaz waren d'Spiller an d'Attraktiounen, iwwerdeems op der ënneschter Plaz d'Iessbuden opgeriicht waren. Fir an de Gastronomieberäich eranzekommen, huet een d'Konditioune vum CovidCheck erfëlle missen[1].

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fun um Glacis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Fun um Glacis | Ville de Luxembourg. www.vdl.lu. Gekuckt de(n) 2021-08-25.