Gallo-réimesch Villa op Mecheren
Land | Lëtzebuerg |
---|---|
Gemeng | Schengen |
Plaz |
Rëmerschen Op Mecheren |
Koordinaten |
49° 29’ 43.80’’ N 06° 21’ 56.20’’ E |
Statut | Archeologesch Reschter |
D'gallo-réimesch Villa op Mecheren war eng gréisser Villa déi bis an d'5. Joerhonnert um Flouer „op Mecheren“ bei Rëmerschen an der haiteger Gemeng Schengen stoung. D'Villa déi e puermol zerstéiert an nees opgebaut gouf, huet enger grousser Wënzer- a Wäinhändlerfamill gehéiert.
De Flouernumm Mecheren kënnt – grad wéi d'Uertschaftsnimm Gréiwemaacher a Bech-Maacher – vum laténgesche maceries, wat esou vill heescht wéi Mauerwierk.
Eréischt an de Joren 1970 - 1972 konnten Ausgruewungen an Analyse vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht gemaach ginn. Dobäi gouf ë. a. e Fëllement vun 8,62 × 5,35 m vun engem fréiere Grafdenkmal entdeckt. Et bestoung aus zwou Reien Hasteng déi openee getässelt waren. D'Bauwierk stoung am 2. Joerhonnert mam Réck zur Villa gedréint, ronn 50 m vum Uwänner vun der Musel ewech, hat d'Form vun engem Cippus a war ronn 10 m héich. Et war mat faarwege Relieffer aus Kallek- a Sandsteen dekoréiert, déi Zeenen aus dem Wënzeralldag an aus der Mythologie gewisen hunn[1].
Fragmenter déi fonnt goufen
[änneren | Quelltext änneren]1852 gouf an der Géigend vu Éimereng e Relief aus Kalleksteen ausgegruewen. Et huet sech ursprénglech ëm e rechteckege Steeblock gehandelt dee vun de Franken am 9. Joerhonnert vum Graf erofgeholl, ausgehielegt an an e chrëschtleche Sarkophag ëmfunktionéiert gouf. Wéi en entdeckt gouf, waren zwee mënschlech Skeletter dran[2].
Bei den Ausgruewungen am Hierscht 1970 goufen op Mecheren ronn 75 Fragmenter fonnt, déi mat Relieffer dekoréiert waren. Déi meescht waren aus Kalleksteen, just e puer waren der aus Sandsteen. 1972 goufen dunn nach eng Kéier 20 Fragmenter aus Kalleksteen a 35 Stéck aus Sandstee fonnt[3].
-
Flachrelief vum Grafdenkmal. An der Mëtt – an der Gestalt vun enger plakeger Fra – eng personifizéiert Wäirief (Vitis). Op béide Säiten zwou Amoretten déi d'Drauwe liesen.
Monument
[änneren | Quelltext änneren]Fir un d'réimesch Vergaangenheet z'erënnere gouf 1987 op Mecheren e Monument opgeriicht. Wéinst dem Ausbau vun der N10 steet et ronn 5 m méi wäit vun der Musel ewech wéi déi ursprénglech Konstruktioun a läit och annerhallwe Meter méi héich.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Thill, Gérard. "Um Eine "versunkene" Römervilla Bei Remerschen (auf "Mecheren" an Der Mosel)." Hémecht (1970): Hémecht Jg. 22(1970), H.4, pp. 455–467.
- Thill, Gérard, Metzler, Jeannot, and Weiller, Raymond. "Zum Römerzeitlichen Grabdenkmal Auf "Mecheren" Bei Remerschen. (Ein Nachtrag)". - Jeannot Metzler : Grabmobiliar Aus Dem Mauerrechteck B. -Raymond Weiller : Münzfunde." Hémecht (1973): Hémecht Jg. 25 (1973), H. 2, pp. 195–199.
- Thill, G., Cüppers, Heinz, & Collot, Gérald. (1983). La civilisation romaine de la Moselle à la Sarre : Vestiges romains en Lorraine, au Luxembourg, dans la région de Trèves et en Sarre : [exposition] Paris, Musée du Luxembourg, 6-31 octobre 1983. Mainz am Rhein: Ph. von Zabern.
- Wilhelm, E., Thill, Gérard, Bintz, Jacques, & Musée d'histoire et d'art. (1974). Pierres sculptées et inscriptions de l'époque romaine : Catalogue. Luxembourg: Musée d'histoire et d'art.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Gallo-réimesch Villa op Mecheren – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Quell wou net anescht uginn: Informatiounspanneau „op Mecheren“, nieft der N10
- ↑ (fr)Bas-relief représentant Vitis de Remerschen et Émerange. collections.mnha.lu (Mëtt 2. Jh.). Gekuckt de(n) 05.04.2021.
- ↑ Gérard Thill (1973), an der Literatur