Galápagosinselen
Galápagosinselen | |
---|---|
Geographie | |
Land | Ecuador |
Läit an/am | Pazifeschen Ozean |
Koordinaten | 0°40'0"S, 90°33'0"W |
Fläch | 7.880 km² |
Verwaltung | |
Verwaltungseenheet | Provënz Galápagos |
Demographie | |
Awunner | 25.000 |
Awunnerdatum | 2010 |
Aner Informatiounen | |
Entdeckt | 10. Mäerz 1535 (julianesch) |
Zäitzon | UTC−6 |
D'Galápagosinselen (op Spuenesch Islas Galápagos, offiziell Archipiélago de Colón) bilden en Archipel vu vulkaneschen Inselen am Pazifeschen Ozean ëm den Equator, ronn 1.000 km westlech vum Land Ecuador.
Den Archipel besteet aus 19 méi oder manner groussen, an Dosende vu verstreete, klenge bis winzegen Inselen, déi zesummen eng Provënz, mat der Haaptstad Puerto Baquerizo Moreno, vun Ecuador bilden. Nëmme véier Insele si bewunnt, mat zesummen 30.000 Awunner.
Den Numm Galápagos kënnt vum Spuenesche galápago, Suedel, dëst wéinst der opfälleger Suedelform vum Panzer vun enger Partie vun de Rise-Landschildkröten op den Inselen.
De ganzen Archipel, zesumme mat dem Mier ronderëm, gehéiert zum Galápagos-Nationalpark, dee streng geschützt ass.
D'Galápagosinsele si berüümt wéinst hire villen endeemeschen Aarten (Aarten déi nëmmen do virkommen) an och wéinst dem Openthalt vum Charles Darwin am Joer 1835, deen do e wichtegen Ustouss fir d'Opstelle vu senger Evolutiounstheorie fonnt huet.
Wichtegst Inselen, der Gréisst no
[änneren | Quelltext änneren]Insel | Engl.
Numm |
Héchste Punkt | Héicht [m] | Fläch
[km²][1] |
---|---|---|---|---|
Isabela | Albemarle | Wolf | 1.707 | 4.588,1 |
Santa Cruz | Indefatigable | Cerro Crocker | 864 | 985,6 |
Fernandina | Narborough | La Cumbre | 1.476 | 642,5 |
San Salvador | James | Cerro Pelado | 907 | 584,7 |
San Cristóbal | Chatham | Cerro San Joaquín | 730 | 558,1 |
Floreana | Charles | Cerro Pajas | 640 | 172,5 |
Marchena | Bindloe | 343 | 130,0 | |
Española | Hood | 206 | 60,5 | |
Pinta | Abington | 777 | 59,4 | |
Baltra | South Seymour | … | 26,2 | |
Santa Fé | Barrington | … | 24,1 | |
Pinzón | Duncan | 458 | 18,2 | |
Genovesa | Tower | 64 | 14,1 | |
Rábida | Jervis | … | 5,0 | |
Seymour Norte | North Seymour | … | 1,8 | |
Wolf | Wenman | 253 | 1,3 | |
Tortuga | Brattle | … | 1,3 | |
Bartolomé | Bartholomew | 114 | 1,2 | |
Darwin | Culpepper | 165 | 1,1 |
Ënnert de ville klengen Insele sinn d'Daphne-Inselen (virun allem Daphne Major), Plaza Sur, Isla Sin Nombre an den isoléierte Roca Redonda, eng Plaz wou Vulle gezillt ginn, nennenswäert
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Kricher, J., 2002. Galápagos. Smithsonian Natural History Series. (Dat warscheinlech bescht Buch iwwer d'Galápagosinselen, hiert Entstoen, Geographie, Geschicht an hir Déieren a Planzen).
- Swash, A. & R. Still, 2005 (2. Ed.) Birds, Mammals and Reptiles of the Galapagos Islands. Christopher Helm.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: GalapagosGalápagosinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Galapagos conservancy - Portal zum Erhale vum Galapagos-Archipel (en)
Fotoalbum
[änneren | Quelltext änneren]-
D'Insel Bartolomé, mat, lénks, dem Pinnacle Rock.
-
Puerto Ayora.
-
Geospiza fuliginosa, Weibchen. Eng vun de 14 Aarte vun Darwinfinken
-
Santa Cruz, Galápagos
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Tortuga, Santa Cruz.
-
Santa Cruz
-
Santa Cruz - Tortuga Bay
-
Santa Cruz
-
Santa Cruz
-
North Seymour
-
North Seymour
-
North Seymour
-
North Seymour
-
Puerto Ayora
-
Puerto Ayora
-
Puerto Ayora
-
Puerto Ayora
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Heidi M. Snell, Paul A. Stone, Howard L. Snell: A Summary of Geographical Characteristics of the Galapagos Islands. In: Journal of Biogeography. Band 23, Nummer 5, 1996, S. 619–624 (doi:10.1111/j.1365-2699.1996.tb00022.x).