Gaston Glaesener
Ausgesinn
| Gaston Glaesener | |
|---|---|
| Gebuer |
1. September 1916 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
7. Juni 1990 Lëtzebuerg |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Pedagog, Politiker, Schoulmeeschter |
| Partei | LSAP |
|
| |
De Gaston Glaesener, gebuer den 1. September 1916 an der Stad, an och do de 7. Juni 1990 gestuerwen, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an LSAP-Politiker.[1]
Hien huet seng berufflech Karriär 1938 als Schoulmeeschter zu Ettelbréck ugefaangen[1] a war duerno Direkter vun der École supérieure du travail a Regierungscommissaire.
Hie war vun 1979 bis 1981 a vun 1984 bis 1987 Conseiller fir d'LSAP am Gemengerot vun der Stad Lëtzebuerg.[1]
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 Kuerze Portrait vum Gaston Glaesener an Ons Stad N°35 vun 1990
