Gaston Schaber

Vu Wikipedia
Gaston Schaber
Gebuer 4. Februar 1926
Lëtzebuerg
Gestuerwen 27. Mäerz 2010
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Universitéitsprofesser, Psycholog


De Gaston Schaber, gebuer de 4. Februar 1926 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 27. Mäerz 2010, war e lëtzebuergesche Psycholog.

Vun 1968 bis 1988 huet hie Psychologie op der Université de l'Etat à Liège a vun 1989 bis 1991 op der Université de Liège, wéi d'Universitéit duerno geheescht huet, enseignéiert.

De G. Schaber war och Professer um Cours respektiv dem Centre universitaire an an der Normalschoul; vun 1963 bis 1985 war hien Direkter vum Institut pédagogique (IP) respektiv dem Institut supérieur d'études et de recherches pédagogiques (ISERP).[1]

1978 war hie Matgrënner vum Groupe d'étude pour les problèmes de la pauvreté (GEPP) asbl, aus deem 1982 de Centre d'études, de populations, de pauvreté et de politiques socio-économiques (CEPS) asbl gi war, an 1985 a Centre d'études, de populations, de pauvreté et de politiques socio-économiques/International networks for studies in technology, environment, alternatives, development (CEPS/INSTEAD) ëmgenannt gouf.

Vun 1985 bis 1991 war hie Premier conseiller de gouvernement am Staatsministère.

Hie war de Papp vun der Véronique Majerus-Schaber, Geschichtsprofessesch an zanter 2009 Direktesch vun der Handwierkerschoul (LTAM) an der Stad.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. ISERP (éd.): La formation de l'instituteur au Luxembourg. L'École Normale, l'Institut Pédagogique, l'Institut Supérieur d'Études et de Recherche Pédagogiques. Luxembourg 2000, S. 10.
  2. Distinctions honorifiques à l'occasion de la Fête Nationale am Luxemburger Wort vum 27. Juni 1980 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022
  3. Ordensverleihungen für das Professoren- und Lehrkorps am Luxemburger Wort vum 25. Juni 1979 op der Säit 6 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 2. November 2022