Gehaansfénkelcher

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Gehaansfénkelcher
Weibleche Gehaansfénkelchen (Lamprohiza splendidula)
Weibleche Gehaansfénkelchen
(Lamprohiza splendidula)
Systematik
Klass: Insekten
Uerdnung: Kiewerleken
Ënneruerdnung: Pholyphaga
Iwwerfamill: Elateroidea
Wëssenschaftlechen Numm
Lampyridae
LATREILLE, 1817

D'Gehaansfénkelcher (wëssenschaftlech: Lampyridae), och nach Gehaansdéiercher, Gehaanswiermecher oder Gehaansliichtecher genannt, sinn eng Famill vu Kiewerleke mat weltwäit ca. 2000 Aarten. Si si bekannt fir hir biolumineszent Eegenschaften déi se am Däischtere liichten dinn. Awer net all Aarten aus där Famill kënne liichten. Bei verschiddenen Aarte liichten d'Weibercher, bei anere just d'Männercher, a bei nees aneren (z.B. bei der nordamerikanescher Photinus pyralis oder der europäescher Lamprohiza splendidula) kënne s'alle béid liichten. Et hänkt och vun der Aart of, ob d'Gehaansfénkelcher dauerhaft liichten oder nëmmen a reegelméissegen Zäitofstänn Liichtimpulser ofginn. Et gëtt souguer Aarte wéi z. B. d'Pteroptyx gelasina oder d'Pteroptyx similis, bei deenen alleguer d'Gehaansfénkelcher an der Ëmgéigend déi Liichtimpulser zäitgläich ofginn an domat ganz Hecken- oder Bamreie synchron blénken doen.

Gehaansfénkelcher a Mëtteleuropa[änneren | Quelltext änneren]

A Mëtteleuropa komme véier Aarte vu Gehaansfénkelcher vir, vun deenen déi dräi éischt och zu Lëtzebuerg virkommen[1].

Klenge Gehaansfénkelchen[änneren | Quelltext änneren]

De Klenge Gehaansfénkelchen (Lamprohiza splendidula Linnaeus, 1767) gëtt 8 bis 10 Millimeter grouss. Am Géigesaz zu de Männercher kënnen d'Weibercher net fléien. Alle béid awer, a souguer d'Larven an och d'Eeër, kënne liichten. D'Liichte vun de Männercher ass net permanent, wärend d'Weibercher dauerhaft liichten. Charakteristesch fir dës Aart sinn déi zwou transparent Plazen um Kapp.

Grousse Gehaansfénkelchen[änneren | Quelltext änneren]

De Grousse Gehaansfénkelchen (Lampyris noctiluca Linnaeus, 1767) gëtt 10 bis 12 (Männercher) respektiv 15 bis 20 (Weibercher) Millimeter grouss. Hei sinn et och nëmmen d'Männercher, déi fléie kënnen. Allerdéngs liichte bei där Aart nëmmen d'Weibercher. D'Liichte vun de Weibercher ass dobäi grad sou konstant wéi dat vun de Lamprohiza splendidula-Weibecher a ka liicht mat deene verwiesselt ginn.

Gehaansfénkelche mat klenge Flilleken[änneren | Quelltext änneren]

De Gehaansfénkelche mat klenge Flilleken (Phosphaenus hemipterus (Goeze, 1777)) gëtt 6 bis 8 Millimeter grouss a kann net fléien. D'Weibercher kënne liichten, allerdéngs nëmme ganz schwaach.

Italieenesche Gehaansfénkelchen[änneren | Quelltext änneren]

Den Italieenesche Gehaansfénkelchen (Luciola italica (Linnaeus, 1767)) ass mat 5-8 mm Gréisst (Männercher) déi klengst mëtteleuropäesch Gehaansfénkelchenaart, woubäi d'Weibercher e wéineg méi laang a breet sinn. D'Weibercher sëtze blànkend um Buedem, d'Männercher fléien a blénken mat engem wäisse Liicht.[2]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • MNHNL, iNaturalist & GBIF, 2020. MNHNL-mdata, Online-Portal mat biologeschen Observatiounen aus Recorder-Lux, iNaturalist a GBIF. Nationalmusée fir Naturgeschicht, Lëtzebuerg. URL: https://mdata.mnhn.lu [Besicht 2020-01-24]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. MNHNL, iNaturalist & GBIF 2019 an der Literatur
  2. Cf. http://www.gluehwuermchen.ch/species/luciola/luciola.html
Commons: Gehaansfénkelcher – Biller, Videoen oder Audiodateien