Geisha (Entreprise)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der cheemescher Entreprise mam Numm Geisha. Fir déi allgemeng Bedeitung vum Wuert, kuckt wgl. Geisha.
D'Fabricksgebäi em 1935.

Geisha war den Numm vun enger lëtzebuergescher Fabrick vu Parfum, Seef, Fierfmëttel, Insekteverdillegungs- a soss cheemesche Produkter, déi zum Deel ënner deem Numm kommerzialiséiert goufen.

Geisha gouf 1924 vum Chef-Cheemiker vun der Stengeforter Schmelz, dem Jean-Pierre Schiltz an dem Désiré Deruelle gegrënnt. 1926 huet den Deruelle sech aus der Gesellschaft zeréckgezunn. Direkter war den Arthur Thill.

Bis 1932 war de Sëtz an der Villa Elisabeth am ënneschte Péitruss-Dall, du gouf d'Fabricksgebai an der rue du Laboratoire zu Bouneweg gebaut, um Terrain vun enger fréierer Zillebäckerei, an 1933 ageweit. An den 1960er Joren huet d'Fabrick zougemaach.

Haut ass am Gebai de Centre médico-social installéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]