Villa Elisabeth

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Villa Elisabeth (2014)

Villa Elisabeth ass den Numm vun engem fréiere Gebai am Gronn an der Stad Lëtzebuerg. D'Villa louch am Berlinerwee, an der Kéier ënner der rue Mathias Hardt, an der Pufferzon vum UNESCO-Site vun der Weltierfschaft Festung Stad Lëtzebuerg.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

D'Ofrappaarbechten am Februar 2018

Op Grond vum Zweeten Traité vu London (1867) gouf déi preisesch Garnisoun aus der Festung Lëtzebuerg ofgezunn an d'Festung war duerno net méi am Gebrauch. Doropshin hat sech am fréiere Polvermagaseng vum Fort Elisabeth fir d'éischt, vun 1868 bis 1871, eng Gierwerei an duerno d'Pechfabréck Philippe Kontz niddergelooss.

De Café-Restaurant an der Villa Elisabeth op enger Postkaart (ëm 1900)

Wéi d'Festung du bis geschleeft war, war e Café-Restaurant a méi spéit den Hotel-Restaurant „Villa Elisabeth“ am fréiere Magaseng. Uganks vum 20. Joerhonnert goufen et an der Villa eng Rei hell a geraimeg Zëmmeren a ronderëm Terrassen, Gäert a Parkanlagen. Zum Service vum Hotel huet eng Keelebunn gehéiert an d'Cliente goufen op d'Gare gefouert. 1912 gouf den Hotel vergréissert.

1924 huet sech déi nei gegrënnt Fabréck vu chemesche Produkter Geisha an der Villa Elisabeth etabléiert ier et dunn 1932 de Garage Kontz a méi spéit de Garage Albert Schieren war[1].

Bis 2013 war d'Division de l'inspection sanitaire vum Gesondheetsministär an der Villa Elisabeth ënnerbruecht. 2018 hunn Ofrappaarbechten ugefaangen, op där Plaz gëtt e gréissere Wunnkomplex gebaut.[2][3]

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Elisabeth – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Christian Aschman, Joanna Grodecki, Robert L. Philippart an „Lëtzebuerg moderne: Liebeserklärung an die Hauptstadt“ Säit 185, Édition Maison Moderne, 2013, ISBN 978-99959-33-07-4]
  2. Quell: mëndlech Matdeelung vum R. Philippart, 16. Februar 2018.
  3. 21 Wohnungen statt Villa, wort.lu 22.Februar 2018