Gemeng Iermsdref
Iermsdref | |
---|---|
An anere Sproochen |
fr: Ermsdorf de: Ermsdorf |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Dikrech |
Awunner | 906 |
Fläch | 2.409 ha |
Koordinaten |
49° 49’ 42’’ N 06° 13’ 18’’ O |
D'fréier Gemeng Iermsdref (orange) am Kanton Dikrech (rout) | |
D'Gemeng Iermsdref war eng fréier lëtzebuergesch Gemeng am Kanton Dikrech, déi bis Enn 2011, wéi se mat der Gemeng Miedernach zu der Ärenzdallgemeng fusionéiert huet, bestanen huet.
Geographie
[änneren | Quelltext änneren]D'Landschaftsbild vun der fréierer Gemeng Iermsdref ass gréisstendeels vu landwirtschaftlechen Aktivitéiten (Wisen a Felder an enger oppener Gewan) markéiert. Ronderëm ware praktesch iwwerall Bëscher, déi awer zu 90 % um Territoire vun den Nopeschgemenge louchen. D'Wäiss Iernz, déi vu Süden no Norden derduerch leeft, huet d'Gemeng an zwou topographesch verschidde Géigende gespléckt, mat am Westen, dem méi oder wéineger flaache Plateau vu Steeën a Folkendeng, an am Osten, vum Uwänner vun der Iernz un, der koppeger Géigend tëscht Iermsdref an Eppelduerf. Do war och, op enger flaacher Kopp, eng ronn 400 m nërdlech vum Gréiwenhaff, mat 420 Meter déi héchst Plaz an der Gemeng ze fannen. Déi déifst Plaz war op der Hessemillen op ongeféier 210 Meter, do, wou d'Kriibsebaach an d'Wäiss Iernz leeft.
Uertschaften a Lieu-diten an der fréierer Gemeng[1]
[änneren | Quelltext änneren]Uertschaften:
Lieu-diten:
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Den 21. Mäerz 2010 hunn d'Bierger vun de Gemengen Iermsdref a Miedernach an engem Referendum sech z'iwwer 83% fir dës Fusioun ausgeschwat. No dem Vote vum Gemengerot de 6. Abrëll 2010 war d'Entscheedung definitiv: d'Fusiounsgemeng sollt Ärenzdall heeschen an ab dem 1. Januar 2012 bestoen.
Wopen
[änneren | Quelltext änneren]De Wope vun der Gemeng gouf den 9. September 1985 am Gemengerot ugeholl, an agréeiert duerch ministerielle Beschloss vum 7. Mee 1986. De Projet vum Wopen ass vum Marcel Lenertz.
Beschreiwung vum Wopen am Originaltext:
Burelé d'or et d'azur à la croix ancrée de gueules, chargée d'une croix alésée d'argent et accompagnée de trois fleurs de lis de sable, deux en chef, une en pointe.
De Wopen ass zesummegesat aus de Wope vun den Härschaften déi Meeschter iwwer d'Dierfer aus der Gemeng waren.
Déi gëllen a blo Sträife sinn aus dem Wope vun der Vogtei vun Dikrech zu där Iermsduerf gehéiert huet, d'Ankerkräiz, kënnt aus dem Wope vun den Hären aus der Fiels, deene Steeën gehéiert huet, dat sëlwer Kräiz ass vun der Abtei Iechternach, zu där Eppelduerf gehéiert huet, an déi dräi Lilie sinn aus dem Wope vun den Häre vu Folkendeng.
Politik
[änneren | Quelltext änneren]Buergermeeschteren
[änneren | Quelltext änneren]Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
- ....
- 1976 - 1981: René Hoffmann
- ...
- 1988 - 1999: Albert Feyder[2]
- ...
Veräiner an der Gemeng
[änneren | Quelltext änneren]
|
|
Gemengeblat
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemengeblat vun "Iermsdref" housch "De Bannhidder".
Syndikater
[änneren | Quelltext änneren]D'Gemeng Iermsdref Member war a follgende Syndikater:
- SIDEC - SIDEN - SYVICOL
- Zentralschoul, zesumme mat Miedernach
Bibliographie
[änneren | Quelltext änneren]- Iermsdrëfer Uergel: geweit den 21. Oktober 2001. - Ermsdorf: Iermsdrëfer Uergelfrënn, [2001] (Bertrange: Rapidpress). - 83 p.: ill. ; 21 cm
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Iermsdref – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Nimm vun den Uertschaften entspriechen deenen déi de Kadaster, unhand vu sengen Attributiounen déi am Gesetz vum 25. Juli 2002 portant réorganisation de l’administration du cadastre et de la topographie festgehale sinn, opgestallt huet, an déi am «Registre national des localités et des rues» opgezielt sinn. Häff a Lieu-diten sinn déi localités wéi se zousätzlech am Annuaire officiel d'Administration et et de législation 2000 ënner III. Annexes opgelëscht sinn.
- ↑ Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 24. August 2020