Georges Adolphe d'Olizy

Vu Wikipedia
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Colonel (Oberst) Georges Adolphe d'Olizy[1] (†1739) war ënner éisträichescher Herrschaft Gouverneur vu Lëtzebuerg; fir d'éischt als Ramplassang vum Wilhelm Reinhard vun Neipperg tëscht Januar an Abrëll 1737 an duerno - vu Januar 1738 bis Mee 1739 - als deem säi Successeur.

Hien ass 1739 an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen[2].

De Fort Olizy vun der Festung Lëtzebuerg ass no him genannt, grad ewéi spéiderhin, nom Fort, eng Strooss am Pafendall (Rue du Fort Olisy).

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. och an der Schreifweis Olisy erëmzefannen
  2. Evy Friedrich 1989. Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? (PDF) Ons stad 31: 27