Op den Inhalt sprangen

Georges Schroeder

Vu Wikipedia
Georges Schroeder
Gebuer 20. Dezember 1947
Lëtzebuerg
Gestuerwen 15. Juli 2012
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei CSV
Fonctioun Conseiller am Staatsrot, President vum Staatsrot vu Lëtzebuerg

De Georges Schroeder, gebuer den 20. Dezember 1947 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen de 15. Juli 2012[1], war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

No sengem Jurastudium zu Stroossbuerg huet e fir d'éischt an der Etüd vum Nicolas Mosar geschafft.

Vun 1982 u war de Georges Schroeder 28 Joer laang Direkter vun der Inspection générale de la sécurité sociale (IGSS).

A senger Heemechtgemeng Beetebuerg war e vun 1976 bis 1983 Member vum Gemengerot, vun 1980 bis 1987 war en do och Schäffen. Vun 1975 u war e President vun der CSV-Sektioun Beetebuerg, vun 1987 bis 1994 war e Member vum Bezierkskommitee Süden a vun 1990 bis 2000 Member vum CSV-Nationalkommitee.

Vun 1994 u war hie Member am Kiercherot vun der Par Beetebuerg a vun 2010 u bis zu sengem Doud war e President dovun.

De 7. Juni 1994 krut hien eng Nominatioun als Member vum Staatsrot an de 17. November 2009 krut hien eng Nominatioun als President vun där Institutioun. Säi Mandat ass de 7. Juni 2012 ofgelaf.[2]

Hie war vun 1989 u Member a vum Oktober 2007 un och President vum Verwaltungsrot vum CEPS/INSTEAD.

  • Luxemburger Wort: 17. Juli 2012, S. 4 Georges Schroeder (1947-2012)
  • Luxemburger Wort: 17. Juli, S. 48, Doudesannonce

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Vorsitzender des Staatsrats Georges Schroeder verstorben Archivéiert den 18.07.2012. Gekuckt de 16.07.2012.
  2. Lëscht vun de Membere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot Archivéiert den 20.07.2016. Gekuckt den 22.07.2016.
  3. Rapport d'activité 2001 vum Ministère d'Etat S. 73