Geschicht vun der europäescher Entwécklungshëllef

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Geschicht vun der Europäescher Entwécklungshëllef geet op d'Schafe vun der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (1957/1958) zeréck. D'Yaoundé-Ofkommes gouf zu Yaoundé, der Haaptstad vum Kamerun den 20. Juli 1963 (gëlteg bis den 31. Mee 1969) respektiv den 29. Juli 1969 mat der Europäescher Gemeinschaft ofgeschloss. D'Associéierungsofkommes huet den Opbau vun enger Fräihandelszon an den Ofbau vun den Handelshemmnesser ugestrieft. Deene Verträg sinn déi méi bekannt Lomé- a Cotonou-Ofkommesse virausgaangen.

Yaoundé I: Éischt Ofkommes (1964–1969)[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt Yaoundé-Ofkommes tëscht der Europäescher Wirtschaftsgemeinschaft (EWG) an 18 afrikanesche Staaten, déi kuerz virdru onofhängeg gi waren, gouf den 20. Juli zu Yaoundé ënnerschriwwen an ass den 1. Juni 1964 a Kraaft getratt. Et war am wesentlechen op bilateral Verträg a Wirtschaftskonventiounen tëscht de Memberstaate vun der EWG an den afrikanesche Staaten opgebaut. D'Ofkommes hat eng Lafzäit vu 5 Joer.

Déi 18 afrikanesch AASM-Staate waren: Burundi, Dahomey, Demokratesch Republik Kongo, Côte d'Ivoire, Gabun, Kamerun, Kongo-Brazzaville, Madagaskar, Mali, Mauretanien, Niger, Obervolta, Ruanda, Senegal, Somalia, Togo, Tschad, Zentralafrikanesch Republik.

Nieft der wirtschaftlecher Zesummenaarbecht ënnerstëtzt d'Ofkommes déi europäesch Entwécklungshëllef duerch den Europäeschen Entwécklungsfong. Opgrond vum éischte Ofkommes sollt de Fong ongeféier 730 Milliounen US-Dollar ausbezuelen, dovu 620 Milliounen als direkt Bäihëllef, 46 als Prêten a 64 Milliounen als Kreditter vun der Europäescher Investitiounsbank.

Yaoundé II: Zweet Ofkommes (1971–1975)[änneren | Quelltext änneren]

Dat zweet Yaoundé-Ofkommes huet déi am éischten Ofkommes virgesi bilateral Ofmaachunge verlängert. Nom Oflaf vum éischten Ofkommes gouf den 29. Juli en zweet Ofkommes beschloss, dat den 1. Januar 1971 a Kraaft getrueden ass a bis zum 31. Januar 1975 gëlteg bleiwe sollt. Ausser den 18 AASM-Staaten (virrangeg frankophon Staaten) ass 1972 Mauritus dem Ofkommes nach bäigetratt. Nom EG-Beitrëtt vu Groussbritannien (1973) koumen aner anglophon Staaten opgrond vu separaten Ofkommessen dobäi. Déi separat Ofkommesse goufe spéider verlängert an hunn d'Virbedingunge fir dat éischt Lomé-Ofkommes, dat sech op 46 Staate bezunn huet, geschaf.

Dee fir de selwechten Zäitraum festgesaten drëtten Europäeschen Entwécklungsfong huet 918 Milliounen US-Dollar fir déi 18 AASM-Staate virgesin, 748 Millioune sollten dovun als Entwécklungshëllef gespent ginn, 90 Milliounen als Kreditter vun der Europäescher Investitiounsbank an 80 Milliounen als Prêten.

Lomé-Ofkommes (1976-2001)[änneren | Quelltext änneren]

D'Lomé-Ofkommes (och Konventioun vu Lomé) ass eent no der togoleseschen Haaptstad Lomé genannt Ofkommes vun den EG-Staate mat 71 Entwécklungslänner an Afrika, Karibik a Pazifik . Et gouf den 28. Februar 1975 ënnerschriwwen an den 31. Oktober 1979 duerch Lomé II, den 8. Dezember 1984 duerch Lomé III, de 15. Dezember 1989 duerch Lomé IV (fir 10 Joer gëlteg, am Géigesaz zu 5 Joer virdru) an den 23. Juni 2000 duerch d'Cotonou-Ofkommes ersat. Et huet d'Successioun vum Yaoundé-Ofkommes iwwerholl.

Cotonou-Ofkommes (2002-2022)[änneren | Quelltext änneren]

D'Cotonou-Ofkommes ass den neie vëlkerrechtleche Vertrag, deen als Nofollger vum am Februar 2000 ofgelafene Lomé-Ofkommes, gëllt an den 23. Juni 2000 am Benin ënnerschriwwe gouf an dat fir eng Dauer vun 20 Joer, am Géigesaz zu de fréiere Verträg, déi no fënnef, respektiv 10 Joer erneiert hu misse ginn. Et leet dat tëschestaatlecht Verhältnes vun de Vertragspartner am Beräich Entwécklungshëllef, Handel, Investitiounen an neierdéngs och Mënscherechter fest. 79 Staaten hunn dëst neit Ofkommes ënnerschriwwen.

D'Finanzéierung erfollegt nees am Weesentlechen duerch den Europäeschen Entwécklungsfong (EEF) an duerch Prête vun der Europäescher Investitiounsbank.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]