Gesetz Le Chapelier

Vu Wikipedia
Den Isaac Le Chapelier.

D'Gesetz Le Chapelier, genannt nom bretoneschen Affekot a Jakobiner Isaac Le Chapelier, gouf de 14. Juni 1791 erlooss. D'Gesetz huet de Meeschteren, Gesellen an Aarbechter ënnersot, sech a Korporatiounen an änleche Gruppéierungen zesummen ze dinn. Den Effekt heivu war, datt d'Syndikater an de Streik verbuede waren.

Am Abrëll 1791 haten d'Paräisser Schräiner hir Aarbecht néiergeluecht, well si méi héije Loun wollten. Déi Fuerderung gouf vun der Commune vu Paräis net akzeptéiert, well si am Géigesaz zu enger fräier Wirtschaft stoung. D'Schräiner hu sech an der Union fraternelle zesummegedo, déi den Opstand geleet huet, an e Mindestloun vu 50 Sous den Dag gefrot huet. Hinnen hu sech d'Schlässer, d'Schmatten an d'Schousteren ugeschloss. D'Assemblée constituante huet doropshi beschloss, d'Gesetz vum Le Chapelier ze stëmmen.

D'Gesetz Le Chapelier gouf de 25. Mee 1864 duerch d'Gesetz Ollivier ausser Kraaft gesat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Portal Franséisch Revolutioun – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Revolutioun vu 1789.