Gliese 86 b

Vu Wikipedia
Gliese 86 b
Kënschtleresch Duerstellung vum Gliese 86 b
Eegenschafte vum Orbit (Epoch J2000.0)
Rektaszensioun 02h 10m 14s
Deklinatioun - 50° 50' 00"
Distanz 35 Lj
Zentrum Gliese 86 (K0V)[1] a = 0,113 e = 0,0416 ± 0,0072
Mmin 3,91 M
Ëmlafdauer (15,76491 ± 0,00039) d
Entdecker Mayor et al.[2]
Datum vun der Entdeckung 24. November 1998
Weideres Radialvitess-Method
Katalogen Gl  86 (A)b, HD 13445 (A)b

De Gliese 86 b och Gliese 86 Ab (fir hie besser vum Duebelstärpartner Gliese 86 B, dem Primärstär Gliese 86 A z'ënnerscheeden) oder kuerz och Gl 86 Ab ass en Exoplanéit op enger Distanz vu 35 Liichtjoer vun eisem Sonnesystem a steet am Stärebild vum Eridanus.

De Planéit gouf ëm de K-Zwergstär Gliese 86 A am November 1998 vun engem franséische Fuerscherteam am ESO entdeckt. Hie kreest ganz no ëm säi Mammestär a mécht säi Krees ëm de Stär a 15 Deeg, 18 Stonnen a 15 Minutten.

astrometresch Ënnersich vum Hipparcos-Satellit hu festgestallt, datt de Planéit eng Inklinatioun vun 164° huet. Seng Mass huet méi wéi 15 Jupitermassen, wat hien zu engem Brongen Zwerg gemaach hätt.

Weider Analysen hu gewisen, datt d'Miessdate vum Hipparcos net genee genuch ware fir zouverlässeg astrometresch Donnéeën ze kréien. D'Miessresultater vun de Radialvitesse vum Gliese 86 A weisen e linearen Trend, wann een den Afloss vum Planéit Gl 86 Ab ausrechent, een Indiz fir eng physesch Kopplung mat semgem Begleeder, dem Wäissen Zwerg Gliese 86 B.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Hipparcos-Katalog (ESA 1997)
  2. Michel Mayor, Didier Queloz, Udry et al.