Goût
Ausgesinn
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Goût als Geschmaachssënn. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Goût (Homonymie). |
De Goût, och nach Geschmaachssënn genannt, ass e cheemesche Sënn, deen der Kontroll vun de Liewensmëttel déngt, déi een opgeholl huet. Batteren a saure Goût kann en Hiweis op gëfteg oder verduerwe Liewensmëttel sinn. D'Geschmaachsqualitéite séiss, umami a salzeg kennzeechnen nierstoffräich Liewensmëttel. Aus deem Grond sinn d'Geschmaachsorganer ëmmer a Kierperdeeler ze fannen, déi beim Iessen agesat ginn.
De Sënnesandrock, dee gewéinlech als Geschmaach bezeechent gëtt, ass en Zesummespill vu Geschmaachssënn, Gerochssënn an Taaschtsënn kombinéiert mat Temperaturinformatiounen aus dem Mond.
Geschmaachsqualitéiten
[änneren | Quelltext änneren]Qualitéit | Funktioun | Beispiller vu Liewensmëttel |
---|---|---|
batter | Schutz viru gëfteg Planzen (Alkaloiden) | Brockelcher, Béier |
fetteg[1] | Hiweis op eng Energiequell | Botter, Ueleg |
séiss[2] | Hiweis op eng Energiequell, déi séier disponibel ass | Zocker |
salzeg | Hiweis op eng Quell vu Mineralstoffer | Salz |
sauer | Hiweis op eng Quell vu Vitaminnen | Uebst (Zitroun, Apel,...) |
umami[3] | Hiweis op eng Quell vu Proteinnen | Fleesch, Fësch, Kéis |
Notten
[Quelltext änneren]- ↑ D'Rezepteren op der Zong fir d'Geschmaachsqualitéit fetteg goufen eréischt 2005 entdeckt.
- ↑ 2008 goufe Rezeptere fir d'Geschmaachsqualitéit séiss am Dënndaarm fonnt. Hir Funktioun ass bis ewell nach net bekannt.
- ↑ D'Rezepteren op der Zong fir d'Geschmaachsqualitéit umami, wat op Japanesch "wat gutt schmaacht" bedeit, goufen 1912 entdeckt.