Härenhaus Manternach

Vu Wikipedia
Härenhaus Manternach
Land Lëtzebuerg
Plaz Manternach
Koordinaten 49° 42’ 29’’ N
      06° 24’ 00’’ O
Baustil Barock
Statut Nationaalt Monument
Datum vum Bau 1758
Proprietär Gemeng Manternach

D'Härenhaus zu Manternach ass e Barock-Gebai, dat bis 1992 d'Paschtoueschhaus war an, no enger Renovéierung, zanter 1997 d'Märei vun der Gemeng Manternach ass.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai ass aus dem Joer 1758 a war d'Paschtoueschhaus vun der Par, gläichzäiteg och eng Zort Raschtplaz vun den Äbt vun der Abtei Sankt Maximin zu Tréier, um halwe Wee vun hirer Rees aus dem oder an hire Refuge an der Stad Lëtzebuerg.[1] Manternach huet deemools, bis zu der Franséischer Revolutioun der Abtei Sant Maximin gehéiert. Direkt niewendru stoung d'Zéintscheier.

Am 19. a bal dat ganzt 20. Joerhonnert duerch blouf dat stattlecht Gebai Paschtoueschhaus. Well et an de leschte Joerzéngte lues a lues delabréiert ass, huet d'Gemeng et 1992 fir 5,5 Millioune Frang der Kierchefabréck ofkaf an dono grëndlech renovéiere gelooss, woubäi zum Deel al Bauelementer erhale konnte ginn. Aner Stilelementer, wéi de markanten Trapegiewel, goufe rekonstruéiert.

1997 ass d'Gemengeverwaltung vun hirem fréiere Gebai an der Iechternacherstrooss (wou haut d'Veräinshaus dran ass) an dat fréiert Härenhaus geplënnert. 2021 gouf den Daachstull ausgebaut, fir do zousätzlech Büroen anzeriichten, déi néideg gi waren.

Den 2. Mäerz 2018 ass d'Gebai, zesumme mat der Kierch, dem Kierfecht an enger Lourdes-Grott, als nationaalt Monument klasséiert ginn.[2]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mairie de Manternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Quell, wou net anescht uginn: Volker Bingenheimer: "Rathaus-Geschichten: Manternach. Von der Priester-Residenz zur Gemeindeverwaltung." wort.lu, 24.09.2021.
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).