Hélène Grimaud

Vu Wikipedia
Hélène Grimaud
Gebuer 7. November 1969
Aix-en-Provence
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Paräisser Conservatoire,
Conservatoire à rayonnement régional de Marseille
Aktivitéit Pianist, Museker, Schrëftsteller

D'Hélène Grimaud gebuer de 7. November 1969 zu Aix-en-Provence ass eng franséisch Pianistin.

Si huet Musek zu Aix-en Provence an zu Marseille studéiert. Mat 13 Joer ass si zu Paräis op de Conservatoire de Paris gaangen. Do krut si an der Klass vum Jacques Rouvier 1985 en éischte Präis am Piano.

Duerno huet si nach a Course beim György Sandor a beim Leon Fleisher gaangen. 1988 ass den Ufank vun hirer internationaler Carrière als Pianistin.

Si spillt mat bekannten Dirigente wéi dem Charles Dutoit, Wolfgang Sawallisch, Michel Plasson Eliahu Inbal, Claudio Abbado, asw.

Nieft dem Piano huet d'Hélène Grimaud eng zweet Passioun, si beschäftegt sech am Wolf Conservation Center mat Wëllef.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Bei Denon

  • Rachmaninoff - Piano Sonat No. 2 (1986)
  • Chopin - Ballade Nr. 1 / Liszt - Après une Lecture de Dante / Schumann- Sonat fir Piano (1987)
  • Schumann - Kreisleriana / Brahms - Piano Sonat No. 2 (1989)
  • Brahms - Piano Sonaten Nr. 3 a 6, Pianosstécker (1992)
  • Rachmaninoff - Concerto fir Piano No. 2 / Ravel - Piano Concerto (1993)

Bei Erato

  • Schumann - Concerto fir Piano / Strauss - Burleske (1995)
  • Brahms - Stécker fir Piano Op. 116-119 (1996)
  • Gershwin / Ravel - Concertoe fir Piano (1997)
  • Brahms - Concerto fir Piano Nr. 1 (1998)

Bei Teldec

  • Beethoven - Concerto fir Piano Nr. 4 (1999)
  • Rachmaninoff - Concerto fir Piano Nr. 2 (2001)

Bei Deutsche Grammophon

  • Credo (2003)
  • Chopin | Rachmaninoff (2005)
  • Bartok -:Concertoe fir Piano (2005)
  • Reflection (2006)

Publikatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hélène Grimaud – Biller, Videoen oder Audiodateien