Hans-Insel

Vu Wikipedia
Hans-Insel
d'Hans-Insel
Geographie
Land Dänemark, Kanada
Koordinaten 80°49'37"N, 66°27'12"W
Fläch 1,25 km²
Längt 1,4 km
Breet 1,1 km
Verwaltung
Verwaltungseenheet Avannaata Kommunia, Qikiqtaaluk
Demographie
Awunner 0
Aner Informatiounen
Genannt no Hans Hendrik, Nier
Zäitzon UTC−5


D'Hans-Insel (Grönlännesch: Tartupaluk; Inuktitut: ᑐᐸᓗᒃ; Dänesch: Hans Ø), ass eng kleng Insel vu ronn 1,25 km² an der Kennedy-Passage, déi en Deel vun der Nares-Strooss ass, tëscht Grönland am Osten an der kanadescher Insel Ellesmere Island am Westen.

Si ass ouni Vegetatioun an onbewunnt. Se gouf bekannt, well et tëscht Kanada an Dänemark (dat Grönland an internationale Bezéiunge vertrëtt) e joerzéngtelaange Sträit gouf, wiem se gehéiere géif. De 14. Juni 2022 sinn déi zwéi Staaten iwwereneekomm, d'Insel an der Mëtt ze deelen, an domat och d'Séigrenz, déi ëmmerhin 3.800 Kilometer laang ass, an engem Stéck ze definéieren[1].

De kanadeschen Deel gehéiert ewell zu der Regioun Qikiqtaaluk (Baffin) vum Territoire Nunavut, den däneschen Deel zum Distrikt Qaanaaq vun der grönlännescher Gemeng Avannaata Kommunia.

Op Grönlännesch an Inuktitut heescht d'Insel Tartupaluk ("Glach mat enger Nier"). Den däneschen Numm geet op den Hans Hendrik zeréck, deen tëscht 1853 an 1883 bei fënnef Arktisexpeditiounen derbäi war.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1973 goufen Dänemark a Kanada sech bei der Grenzzéiung am Mier bewosst, datt déi zwee Länner am Fong d'Insel fir sech beusproche géifen. Dofir hu si dunn d'Insel emol ausgelooss, bis déi Fro gekläert wier. Dono gouf d'Insel ëmmer nees ofwiesselend vun Dänen a Kanadier besicht, an de Fändel duerch deen eegenen ersat. Dobäi gouf dann awer och eng Fläsch Whiskey oder dänesche Schnapps hannerlooss. Dat huet dem Konflikt den Numm Whiskey Wars abruecht[2].

Well et ëmmer nees zu Irritatioune koum, a fir der Saach zerguttst en Enn ze setzen, hu sech Dänemark a Kanada 2018 gëeenegt, eng Aarbechtsgrupp opzesetze fir eng Léisung auszehandelen[3]. Véier Joer drop, de 14. Juni 2022 hunn déi kanadesch Ausseministesch Mélanie Joly, den däneschen Ausseminister Jeppe Kofod an de grönlännesche Regierungschef Múte B. Egede e Grenzvertrag ënnerschriwwen, deen d'Insel an der Mëtt, laanscht enger Schlucht, deelt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hans-Insel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. dpa: "Dänemark und Kanada haben jetzt eine Landgrenze." faz.net, 15. Juni 2022.
  2. Jeremy Bender: 2 countries have been fighting over an uninhabited island by leaving each other bottles of alcohol for over 3 decades. Business Insider (10. Januar 2016).
  3. Kevin McGwin: Denmark, Canada agree to settle Hans Island dispute. ArcticToday (24. Mee 2018).