Haupeschkierch zu Steebrécken

Vu Wikipedia
Kierch vu Steebrécken
Kierch vu Steebrécken (2007)

Kierch vu Steebrécken (2007)
Kierch vu Steebrécken (2007)
Uertschaft / Plaz Steebrécken
Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken
Notre-Dame-de-l'Évangile
Dekanat Süden-West
Numm / Patréiner Hl. Haupert
Konsekratioun 1847
Baujoer 1737
Koordinaten 49° 32’ 00.2’’ N
      06° 01’ 47.5’’ O
D'Kierch vu bannen

D'Kierch vu bannen
D'Kierch vu bannen
Kierchen - Kapellen

D'Haupeschkierch zu Steebrécken ass eng kathoulesch Kierch déi zur Par Monnerech-Schëffleng-Steebrécken Notre-Dame-de-l'Évangile, zum Dekanat Süden-West an zu der Gemeng Monnerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kierch ass den hellegen Haupert, deem säi Fest den 3. November gefeiert gëtt. Niewepatréinesch ass d'helleg Lucia.

Se steet op der N13 (Grand-Rue) um Eck mat der rue de l'École. Nieft der Kierch ass de Kierfecht ugeluecht.

Zur fréierer Par Steebrécken gehéiert ausser der Parkierch vu Steebrécken och nach d'Kapell vu Biergem.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1737 gouf zu Steebrécken eng nei Kapell gebaut a well Steebrécken 1808 zu enger eegestänneger Par ernannt gi war, gouf se de 26. August 1847 als Parkierch konsekréiert. Well d'Kapell ze kleng gi war, gouf se vun 1852 bis 1855 duerch den Ubau vun engem neie Kiercheschëff un deen alen Altorraum vergréissert.

Vun 1996-1997 gouf d'Kierch ënner der Leedung vum Architektebüro Jim Clemes komplett renovéiert. Déi kënschtleresch Aarbechte si vum Ady Deville ausgefouert ginn. Den 9. November 1997 ass den neien Altor konsekréiert ginn.

D'Paschtéier vun der Par Steebrécken[änneren | Quelltext änneren]

  • Johann Leonhard Molitor (1808-1809)
  • Corneille Funck (1809-1814)
  • Jakob Reichling vu Garnech (1814-1851)
  • Nik. Heinen vu Conter (1851-1855)
  • Mathias Schwebach vu Platen (1855-1856)
  • Peter Hemmer vu Réiden op der Atert (1856-1862)
  • Heinrich Lentz vu Weiler zum Tuer (1862-1870)
  • Nik. Ries vu Gonnereng (1870-1877)
  • Nik. Engelding vun Noumer (1877-1899)
  • Alfons Schock vu Gréiwemaacher (1899-1913)
  • Michel Molitor vu Bech-Maacher (1913-1933)
  • André Schmit vu Gréiwemaacher (1933-1949)
  • Aloyse Meyris vu Baastenduerf (1949-1956)
  • Albert Jungels vun Diddeleng (1956-1987)
  • Raymond Streveler vu Keel (1987-1990)
  • Leo Wagener vun Houschent (1990-2006)
  • François Terzer (2006-2018)
  • Charles Bremer (2018-)

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Paroisse Saint Hubert, 1998, 150 Joer Poarkiirch Steebrécken: 1847-1997, 147 S., Impr. St. Paul

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Haupeschkierch zu Steebrécken – Biller, Videoen oder Audiodateien