Kapell Biergem

Vu Wikipedia
Kapell vu Biergem
Kapell vu Biergem (2007)

Kapell vu Biergem (2007)
Kapell vu Biergem (2007)
Uertschaft / Plaz Biergem
Par Steebrécken
Dekanat Beetebuerg
Numm / Patréiner Hl. Eligius
Baujoer 1869
Koordinaten 49° 31’ 23.7’’ N
      06° 02’ 19.9’’ O
Kierchen - Kapellen
De Klackestull vun der Biergemer Kapell

D'Kapell vu Biergem ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Steebrécken, zum Parverband Schëffleng-Monnerech, zu der Pastoralregioun Süden, zum Dekanat Beetebuerg an zu der Gemeng Monnerech gehéiert.

De Patréiner vun der Kapell ass den hellegen Eligius, deem säi Fest den 1. Dezember gefeiert gëtt.

Se steet am westlechen Deel vun der Uertschaft op engem dräieckegen Terrain, deen op zwou Säite vun der Kierchestrooss an op der drëtter Säit vun der Schëfflenger Strooss, dem CR164, ëmginn ass.

Zur Par Steebrécken gehéiert ausser der Kapell vu Biergem och nach d'Parkierch vu Steebrécken.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bis 1803 war Biergem mat der Par Schëffleng verbonnen. Vun 1804 bis 1808 war Biergem da fir kuerz Zäit Sëtz vun der Par Biergem-Steebrécken. Duerno ass Steebrécken d'Par ginn a Biergem eng Filial dovun.

Um Tuerm vun der Kapell ass d'Joreszuel 1869 als Baujoer uginn.

Noweisbar hunn zu Biergem vu 1790 bis 1886 zwielef Kapléin geschafft a gewunnt. Dee leschte vun hinnen, den Dominik Thein vun Holzem, war vun 1880 bis 1886 zu Biergem.

Klacken[änneren | Quelltext änneren]

1968 huet Biergem dräi nei Klacken aus der Géisserei vu Brockscheid kritt, déi deemools provisoresch an engem metallene gedeckte Klackestull nieft der Kapell opgehaange goufen, well d'Gespär vum Kierchtuerm net staark genuch dofir war. Dee Provisorium besteet allerdéngs nach haut.

Tabernakel[änneren | Quelltext änneren]

Den Tabernakel vum Barockaltor staamt nach aus der fréierer Kapell vu 1730. Et ass eng Aarbecht vum Nikolaus Greef-Greisch a sengem Brudder Péitruss.

De Kierfecht[änneren | Quelltext änneren]

1931 ass de Kierfecht, dee virdru ronderëm d'Kapell ugeluecht war, am Ausgang vun der Uertschaft a Richtung Hunchereng op Raedelbusch nei ugeluecht ginn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kapell Biergem – Biller, Videoen oder Audiodateien
Weekräiz dat nieft der Kapell steet