Helioseismologie

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
E Computer-generéiert Bild vum Profil vun der P-Wellen-aarteger, akustescher Oszillatioun vun der Sonn am Kär an op der Uewerfläch.

D'Helioseismologie ass e wëssenschaftleche Secteur vun der solarer Astrophysik a gläichzäiteg en interdisziplinärt Fuerschungsgebitt, dat d'Eegeschwéngung vun der Sonn analyséiert an doraus Erkenntnesser iwwer den Opbau vun hirem Kär gewënnt. De Begrëff vun der Helioseismologie ass ugeleent un Helios (griichesch fir Sonn) a Seismologie (d'Léier vun den Äerdbiewen).

De Franz-Ludwig Deubner hat bei der Sonnenuewerflächenobservatioun eng rhythmesch Bewegung mat enger Period vu ronn fënnef Minutte gemierkt, déi hien awer fir e Noféierfeeler vu sengem Teleskop gehalen hat. Den U.S.-amerikanesche Physiker Robert B. Leighton hat d'Oszillatioun bal zur selwechter Zäit gemierkt, hat awer erkannt, datt et sech ëm eng Fënnef-Minutten-Oszillatioun vun der Sonnenuewerfläch gehandelt huet. Hien huet seng Erkenntnesser am Joer 1960 publizéiert. De Leighton huet domat d'Helioseismologie als e neien Deel vun der Astronomie begrënnt.[1]

D'Grondperiod vun der Sonnen-Eegeschwéngung dauert ongeféier fënnef Minutten. D'Period konnt mat verschiddenen äerdbaséierten Observatiounen an duerch Raumsonde wéi de SOHO zimlech genee ermëttelt ginn.

D'Analys vun den Observatiouns- resp. Schwéngungsdaten erlaabt genee Réckschlëss op verschidde physikalesch Kenngréisste vun der Sonn, zum Beispill op d'Ausbreedungsvitesse vum Schall am Kär vun der Sonn. Gläichzäiteg erméiglecht d'Analys, d'Verdeelung vun Temperatur a magnéitesche Felder ënner der Sonnenuewerfläch bildlech duerzestellen.

No neien Erkenntnesser ass d'Eegeschwéngung och fir déi fir d'éischt 1877 entdeckten iwwerschallschnell Plasmajets op der Sonnenuewerfläch verantwortlech. Am Regelfall ginn d'Schallwellen am Kär vun der Sonn gebremst. Geleegentlech kënnen dës Wellen awer och d'Uewerfläch erreechen a suergen fir e Ausworf vu Matière. D'Plasma gëtt dobäi mat enger Vitesse vu bis zu 80.000 km/h bis an eng Héicht vu 5.000 km geschleidert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Sterne und Weltraum: SuW 8/2004, S. 22 (ISSN 0039-1263)