Helixniwwel

Vu Wikipedia
Helixniwwel NGC 7293
Iwwerlagert Foto vum Hubble-Weltraumteleskop an dem 4-m-Teleskop vum Cerro Tololo Inter-American Observatory
Stärebild Aquarius (Aqr)
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 22h 29m 38.55s
Deklinatioun - 20° '50' 13.6"
Ausgesinn
Visuell Magnitude +7,3 mag mag
Visuell Magnitude
(B-Band)
+7,5 mag mag
Wénkelduerchmiesser 16.0/28.0
Physikalesch Donnéeën
Distanz (Lj) 650 Lj.
Routverrécklung (-50 ± 33)  10-6
Radialvitess (-15 ± 10)
Geschicht
Entdecker Karl Ludwig Harding
Entdeckungsdatum 1824
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen
GC 4795
NGC 7293
ESO 602-PN22
PK 36-57.1

Den Helixniwwel (och mat NGC 7293 bezeechent) ass e Planetareschen Niwwel am Stärebild Aquarius mat enger Hellegkeet vu +6,30 mag an engem Wénkelduerchmiesser vu 16.0' × 12.0'.

Den Helixniwwel ass mat enger Distanz vun zirka 650 Liichtjoer den nächste planetareschen Niwwel, an domat dee mat deem am gréisste projezéierten Duerchmiesser (ongeféier hallef sou grouss wéi de projezéierte Mound). Dofir kënnen a sengem Ëmfeld och Detailer vun der Gasstruktur opgeléist ginn.

Mat dem Hubble-Weltraumteleskop war et 1996 souguer fir d'éischt Kéier méiglech, Kniet a sengem Mantel opzehuelen, déi virdrun onbekannt waren an nei Réckschlëss op d'Entstoe vum planetareschen Niwwel erlaben. Si hunn awer och nees nei Froen opgeworf. Sou ass net kloer, ob d'Kniet-Keime wärend dem Ausworf vun der Hüll entstane sinn, oder ob si vu fréieren Aktivitéite vum Stär hierstamen. Och ass ëmstridden, ob d'Kniet hydrodynamesch Strukture sinn (d. h. duerch Instabilitéite gemaach), oder ob si duerch Photoionisatioun vum Gas duerch de Wäissen Zwerg am Zentrum entstinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Helix Nebula – Biller, Videoen oder Audiodateien
Infrarout Foto vum NASA's Spitzer Space Telescope
UV-Foto, opgeholl mam GALEX