Henri Adolphe Reuland

Vu Wikipedia
Henri Adolphe Reuland
Gebuer 17. Juni 1838
Gestuerwen 29. Abrëll 1893
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Den Henri Adolphe Reuland, gebuer de 17. Juni 1838 an der Fiels[1] an do gestuerwen den 29. Abrëll 1893[2], war e lëtzebuergesche Schneider, Buchbënner, Karmeliterpater an Auteur.[3]

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Den Henri Adolphe Reuland koum an der Fiels als eelste Jong vum Johann Reuland an der Barbara Medernach op d'Welt. Als Kand huet e sech e puermol dat lénkst Bee gebrach a well et schlecht verheelt war huet e misse mat Krätsche goen. Hie war schonn als Kand staark u Bicher intresséiert an huet vill gelies, besonnesch Abenteuer- a Rittergeschichten haten him et ugedoen.

No senger Schoulzäit huet hien de Schneiderberuff geléiert well säi Wonsch fir weider ze studéiere sech net erfëlle gelooss huet. D'Famill ass 1855 op Ueschdref geplënnert, koum awer schonn 1868 nees zeréck an d'Fiels. Hei war hie wärend Joren un der Spëtzt vum lokalen Handwierkerveräin.

Nieft der Aarbecht huet en ugefaange mat Geschichte schreiwen an ass mat anere Schrëftsteller zu Lëtzebuerg an och am Ausland a Kontakt getrueden. Hie gouf vum Ueschdrëffer Paschtouer Heimes a vum Fielsser Paschtouer Johann Jakob Didier bei senger schrëftstellerescher Aarbecht gefërdert. 1883 huet en d'Schneiderhandwierk ganz opginn fir sech ganz dem Schreiwen ze widmen. Hie war reegelméissege Mataarbechter vun den Zeitungen an huet och vill Beiträg fir Kalennere geschriwwen. Hien huet och als Buchbënner geschafft.

Wéi seng Schwëster Therèse an d'Karmeliterinneklouschter agetrueden ass, huet hien 1889 hiren Atelier fir kierchlech Konschtstéckerei an Nolemolerei zu Lëtzebuerg iwwerholl. Ee Joer duerno ass en als Terziar an de Karmeliteruerden agetrueden an hat vun do un den Numm "Bruder Johannes vom Kreuz". A senge leschte Liewensjoren huet en un enger schlëmmer Mokränkt gelidden, wourun en 1893 och gestuerwen ass.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

Eng ausféierlech Lëscht vum Adolphe Reuland senge Publikatioune fënnt ee beim Martin Blum.[4]

  • Das romantische Ernzthal, oder Fels und seine Umgegend: ein Handbuch als Führer für Touristen, zugleich zur Unterhaltung für Jugend und Volk. - Luxemburg: P. Brück, 1880. - 243 S.
  • Der Raubritter von Heringen und der Kreuzfahrer von Fels: Erzählung aus der Zeit des Limburger Erbfolgekrieges. - Dubuque (Iowa): Nicolas Gonner, 1881, Dubuque (Iowa, Druck der "Luxemburger Gazette". - 106 S.
  • Willibrord, der heilige Glaubensbote, Apostel Frieslands und Luxemburgs und Gründer der Abtei Echternach: Geschichte und Bilder aus dem Missionsleben im 7. Jahrhundert. Hrsg. von N. Gonner. Dubuque (Iowa): Dir. der "Luxemburger Gazette", 1884. - 135 S.
  • Johann der Blinde: oder Geschichte der abenteuerlichen Kriegszüge, tapferen Thaten und des ruhmvollen Todes des Grafen Johann von Luxemburg und Königs von Böhmen: nach den besten Quellen volksthümlich dargestellt. Hrsg. von N. Gonner. Dubuque (Iowa): Dir. der "Luxemburger Gazette", 1885. - 179 S.
  • Walter Reinhard, genannt Somru, der Rajah von Sirdhana und seine heldenmüthige Gattin Begoume: eine wahre Geschichte aus Ostindien. Hrsg. von N. Gonner. - Dubuque, Iowa: Luxemburger Gazette, 1890. - 129 p.[5]
  • Erzählungen aus dem Luxemburger Volksleben, alter und neuer Zeit. Hrsg. v. N. Gonner. Dubuque, Iowa: Druck der "Luxemburger Gazette", 1891. - 122 S.
  • Luxemburger Volksbücher: Geschichten und Sagen aus dem luxemburger Volksleben. Luxemburg: St. Paulus-Dr., 1892. - 48 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Blum, Martin: Leben und literarische Arbeiten des Luxemburger Volksschriftstellers Heinrich Adolph Reuland: ein Nachrufswort an den Verewigten. St. Paulusgesellschaft, Luxemburg 1893, 51 S.
  • Muller, Roger & Josiane Weber: Heinrich Adolph Reuland. In: Luxemburger Autorenlexikon, 27.06.2014.
  • Pletschette, Nic.: Der Volksschriftsteller H.A. Reuland 1838-1938. In: A-Z Luxemburger illustrierte Wochenschrift 1938, Nr. 27 (3. Juli), S. 6. [2]
  • Heintz, Joseph: Volksschriftsteller Heinrich-Adolph Reuland: zu seinem 150. Geburtstag. In: 150e anniversaire. Société philharmonique Larochette, 1988, S. 107-108.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Gebuertsakt Nr. 19/1838 vun der Gemeng Fiels
  2. Stierfakt Nr. 18/1893 vun der Gemeng Fels
  3. G. Spedener: Die im Luxemburger Lande lebten und webten. Biographische Notizen. Grevenmacher 1937, S. 75.
    G. Hausemer: Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Éditions Binsfeld, Luxembourg 2006, S. 360.
    G. Goetzinger & C.D. Conter: Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch 2007, S. 496-497).
  4. M. Blum: Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 322-326.
  5. Cf. Martin Blum: La Bégoume de Sardhana. In: Luxemburger Illustrierte 1930, Nr. 4, S. 53.[1]