Henri Kirpach

Vu Wikipedia

Den Henri Kirpach, gebuer den 2. Mäerz 1841 zu Mamer, a gestuerwen de 25. Abrëll 1913 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Affekot, Magistrat a Politiker.

No sengem Studium zu Heidelberg a Paräis huet hie sech an der Stad als Affekot etabléiert.

1870 gouf hien eng éischt Kéier an d'Chamber gewielt.

De 6. August 1878 gouf hien zum Generaldirekter (Minister) fir den Intérieur an der Regierung de Blochausen ernannt. 1885 huet en dës Funktioun an der Regierung Eyschen bäibehalen, an där e bis 1910 Member war.

Säin Numm ass verbonne mam Schoulgesetz vum 20. Abrëll 1881. Den 1. Januar 1910 gouf den Henri Kirpach Member vum Staatsrot.

Gielercher

Kuckt och

Referenzen

  1. Lëscht vun de Leit déi 1894 mam ordre de la couronne de chêne ausgezeechent goufen