High Energy Stereoscopic System

Vu Wikipedia
D'Teleskopen CT-2 an CT-3
All véier Teleskope am Nuetsbetrib

D'High Energy Stereoscopic System oder H.E.S.S. ass e System vun Cherenkov-Teleskopen (IACTs) fir d'kosmescher Gammastralung am Energieberäich tëscht 100 Giga-eV an e puer tera-eV z'ënnersichen. Den Akronym gouf dem Victor Hess zu Éiere gewielt, deen als éischten d'kosmesch Stralung nogewisen hat.

Den Numm betount weiderhin zwou Haaptcharakteristike vum System, nämlech déi gläichzäiteg Observatioun vu Loftschauere mat ettlechen Teleskopen an d'Zesummefaasse vun allen Teleskopen zu engem vereente System, fir d'Energieschwell méi niddreg ze halen an d'effektiv Detektiounsfläch fir Gammastralung z'erhéijen. H.E.S.S. erméiglecht d'Erfuersche vu Gammastralungsquelle mat Intensitéiten am Beräich vu manner wéi 1 % vum Krabbniwwel.

H.E.S.S. gëtt op der Farm Göllschau an Namibia an der Géigend vum Gamsberg bedriwwen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat éischt vun de véier Teleskope vun der Phas I vum H.E.S.S.-Projet gouf am Summer 2002 a Betrib geholl; zanter Dezember 2003 ginn déi véier Teleskope zesumme bedriwwen. Den 28. September 2004 gouf d'System offiziell ageweit. Déi véier Teleskope vun der Phas I stinn op den Eckpunkte vun engem Quadrat vun 120 m Säitelängt. D'Spigele vun den Teleskope setze sech aus jee 382 ronne Spigelfacette vu 60 cm Duerchmiesser zesummen. Dat ergëtt eng total Spigelfläch vun 108 m² pro Teleskop, vergläichbar mat enger Fläch vun engem Eenzelspigel vun 11,73 m Duerchmiesser.

Am Joer 2004 konnt H.E.S.S. als éischt IACT-Experiment d'Struktur vun enger Quell mat kosmescher Gammastralung raimlech opléisen. Am Joer 2005 hat H.E.S.S. aacht nei héichenergetesch Gammastralungsquellen entdeckt an domat d'Zuel vun de bekannte Quelle verduebelt. Zwou vun deene Quelle konnten nach net mat scho bekannten Objete wéi z. B. Supernovareschter oder Pulsaren identifizéiert ginn. Den aktuellen Opbau gëtt zurzäit mat engem Teleskop vu 25 m Duerchmiesser vergréissert (H.E.S.S. Phas II). Ufanks war geplangt, d'Anlag mat 12 weider Teleskope vun der selwechter Gréisst wéi déi véier op 16 Teleskopen ze vergréisseren. Dee Plang gouf aus finanzielle Grënn opginn.

First light vun H.E.S.S. II war de 26. Juli 2012.[1]

Bedeelegt Fuerschungsinstituter[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Largest ever Cherenkov telescope sees first light mpi-hd.mpg.de; „First Light“ für HESS-II pro-physik.de, abgerufen am 27. Juli 2012