Gammateleskop

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Gammateleskope sinn astronomesch Instrumenter fir d'Opfänken an d'Miessung vun der Gammastralung aus dem Weltraum. Déi grouss energieräich elektromagnéitesch Stralung geet vun astronomeschen Objeten ë. a. vu kärphysikalesche Prozesser aus, oder vun extrem gliddegen Objeten (z. B. Supernovaen) a bei staarker Matièreacceleratioun duerch Schwaarz Lächer.

D'Gammaastronomie ass dee jéngste Fuerschungsdeel vun der Astronomie an ass dobäi, déi gewalteg Energieprozesser am Ëmkrees vun aktive Galaxiëkären a bei Gammablëtzer z'erklären.

Weltraumobservatoiren[änneren | Quelltext änneren]

D'Stralung mat Wellelängten ënner 0,01 nm ass vun der Äerd aus netz e observéieren, well d'Atmosphär an dësem Energieberäich (Photonen >200 keV) onduerchléisseg ass. Doduerch gi Gammateleskopen nëmmen a Fuerschungssatelliten oder Weltraumobservatoire agesat.

Gammastralen duerchdréngen souguer Teleskope fir sträifenden Afall (kuckt Röntgenoptik) a kënnen dofir mat traditionelle Methode kaum gebëndelt ginn. Et brauch ee masseräich Stralungsdetekter, fir Gamma-Photonen iwwerhaapt anzefänken. Sou hat d'Compton Gamma Ray Observatory (a Betrib 1991 bis 2000) eng Mass vu 17 Tonnen. D'Lokaliséierung vu Gammaquellen reecht net aus, fir déi produktiv Objeten z'identifizéieren.

Dofir huet d'NASA hiren neie Gammastralenobservatoire Swift (gestart 2004) mat engem Röntgenteleskop kombinéiert, dat déi meescht laangwelleg Röntgenstralen déi gläichzäiteg ukommen op e puer Bousekonne genee lokaliséiere kann. Soubal de Swift en Ausbroch am Gammastraleberäich entdeckt, sichen déi aner Detekteren d'Quell am Röntgen- an och am optesche Spektralberäich.

Miessungen um Äerdbuedem[änneren | Quelltext änneren]

Op der Äerduewerfläch léisst sech Kosmesch Gammastralung indirekt duerch d'Ausléisung vun Deelcheschauere an der Loft noweisen. Déi afalend Deelercher triede mat Loftatomer a Wiesselwierkung, wouduerch eng Kaskad vu Sekundärdeelercher entstinn. An dëse Loftschauere gi Stéckstoffatomer hir Ureegungsenergie als Fluoreszenz- an Tscherenkow-Liicht of.

Buedemgestëtzt Teleskope fir Gammastralung si virun allem d'MAGIC-System op La Palma an d'High Energy Stereoscopic System (HESS) an Namibia.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • J.Bennett, M.Donahue, N.Schneider, M.Voith: Astronomie (Kapitel 6.4), Hsg.Harald Lesch, 5. Auflage (1170 S.), Pearson-Studienverlag, München-Boston-Harlow-Sydney-Madrid 2010
  • Sterne und Weltraum: Ein neues Fenster zum Kosmos: Gamma-Astronomie mit HESS. SuW-Dossier 1/2010 "Sieben Blicke in den Kosmos", Heidelberg 2010

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Saturn 01.svg Portal Astronomie