MAGIC-Teleskop

Vu Wikipedia
Den MAGIC-Teleskop am Dag
Den MAGIC-Teleskop an der Nuecht
Den MAGIC-Teleskop

Déi béid MAGIC-Teleskopen (engl.: Major Atmospheric Gamma-Ray Imaging Cherenkov Telescopes) sinn déi weltgréisst Loft-Tscherenkow-Teleskopen. Si stinn um Roque de los Muchachos an iwwer 2200 m Héicht op der Kanareninsel La Palma. Als Deel vum Roque de los Muchachos Observatoire stinn a senger Noperschaft nach eng ganz Rei vu Teleskopen, ënner anerem dat Virgängerexperiment HEGRA. Dat éischt MAGIC-Teleskop (haut MAGIC I) gouf 2004 a Betrib geholl. Zanter 2009 schafft d'Schwësterteleskop MAGIC II an direkter Noperschaft.

MAGICs Instrumenter sinn an der Lag, kosmesch Gammastralung am Beräich tëscht 30 GeV an 30 TeV indirekt z'observéieren. Si schléissen heimat d'Lach tëscht de groussen äerdgebonnene Gammastralenteleskopen (Detektiounsberäich iwwer 300 GeV) an de Satellitten, déi zu der Detektioun vu Gammastralung tëscht en ettleche keV a wéinege GeV agesat ginn. Gammastralung an deem Beräich gëtt an der Reegel vu Schwaarze Lächer déi rotéieren a vun Neutronestären emittéiert. Och d'Observatioun vun den Deelercher vun der donkeler Matière ass méiglech.

MAGIC detektéiert, an de vu kosmesche Gammadeelercher ausgeléist Deelcheschaueren an der Atmosphär dat sougenannt Tscherenkow-Liicht. Unhand vun der ënnerschiddlecher Form vun dësen Tscherenkow-Blëtzer vun nëmme wéinege Millisekonne kënnen dobäi Gammadeelercher an aner ausgeléist Deelercher ënnerscheet ginn. D'Kamerae vum MAGIC sinn an der Lag, eenzel Tscherenkow-Liichtquanten nozeweisen.

Ziler[änneren | Quelltext änneren]

De MAGIC-Projet huet den Optrag, eng Rei vun Ziler z'ënnersichen:

Technesch Daten[änneren | Quelltext änneren]

Déi meescht gebraucht Instrumenter gouf et viru kuerzer Zäit nach net a sinn zum Deel speziell fir MAGIC entwéckelt ginn. Besonnesch ginn och Nowäismethode gebraucht, déi bis dato haaptsächlech an Deelchenaccelleratiounsexperimenter gebraucht goufen. Dat bezitt sech op besonnesch leeschtungsfäeg Komponente vum Netzwierk, Computer, Elektronik an Dateveraarbechtung, déi gebraucht ginn, fir déi zum Deel grouss Datenunheefungen ze verschaffen.

Kärzuelen zum eenzelen MAGIC-Teleskop[änneren | Quelltext änneren]

  • Aktiv Spigeluewerfläch vun 239 m² aus 50 cm × 50 cm groussen Aluminiumspigelen
  • liicht a stabilt Gerëscht aus Kuelefaser
  • Detekter mat engem Duerchmiesser vun 1,05 m
  • Ophänkung vum Detekter mat dënne Kabelen an an enger Rumm aus Aluminium
  • Dateniwwerdroung vum Detekter erfollegt iwwer Glasfaser
  • Detekter sou liicht wéi méiglech, enthält nëmme Verstäerker a Laserusteierung
  • Digitaliséierung erfollegt mat engem AD-Ëmsetzer bei enger Taktquot vun 2 GHz
  • Gewiicht vum ganzen Teleskop ass zirka 40.000 kg
  • 20 Sekonne Reaktiounszäit, mat där d'Teleskop op jiddwer Punkt um Himmel ausgeriicht ka ginn

Detekter[änneren | Quelltext änneren]

Den Detekter besteet aus enger kreesfërmeger Fläch, déi an der Mëtt 396 eenzel, sechseckeg Detektiounsfläche mat jee 2,54 cm Duerchmiesser faasst, déi dann vun 180 Detektionsfläche mat engem Duerchmiesser vun 3,81 cm ëmgi sinn. D'Detekterfläche bestinn aus Photomultipléier.

Verbesserung duerch MAGIC II[änneren | Quelltext änneren]

MAGIC (lénks) a MAGIC II (riets)

Op enger Distanz vun 85 m zum MAGIC-Teleskop gouf bis zum Juni 2009 e weidert Tscherenkow-Teleskop (MAGIC II) opgeriicht. Et ass mat MAGIC I bis op d'Aluminium-Reflektere baugläich. Dës hunn 1 m Säitelängt an hunn dofir déi véierfach Fläch. D'Zil vun dëser Vergréisserung ass et, dee klenge Photonenerléis vun nidderenergetescher Schauer ze verbesseren. Duerch déi parallel Observatioun vu Loftschauere mat béiden Teleskope gëtt d'Nowäisgenauegkeet vun den Tscherenkow-Blëtzer ëm de Faktor 3 verbessert, wouduerch och schwaach Gammaquellen nach nogewise kënne ginn.

Zesummenaarbecht-Memberen[änneren | Quelltext änneren]

Um MAGIC-Teleskop-Projet schaffe verschidden Instituter a Gruppen zesummen:

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: MAGIC-Teleskope – Biller, Videoen oder Audiodateien