Hotel Clesse

Vu Wikipedia
Hotel Clesse
Den Hotel Clesse ëm 1900
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49° 36’ 03.8’’ N
      6° 08’ 00.6’’ O

Den Hotel Clesse war en Hotel am Garer Quartier vun der Stad Lëtzebuerg. E louch op engem Terrain vu 5 Ar um Eck vun der Aler Avenue an der Garer Plaz.

Historesches[änneren | Quelltext änneren]

Aus dem Chalet Kessel-Clesse mat nëmmen e puer Zëmmeren ass um Enn vum 19. Joerhonnert den Hotel Clesse entstan, en eleganten Hotel deen 1896 seng Dieren opgemaach huet.

Gebai[änneren | Quelltext änneren]

Wéi den Hotel Clesse sengerzäit opgaang ass, hat e 36 Zëmmeren. Zesumme mat e puer aneren Hotellen (z. B. Brasseur, Cravat, Paris-Palace, Staar) huet de Clesse zu deenen Haiser gehéiert déi deemools schonn e Lift haten; am Clesse goufen et och gratis privat Garagen.

Am Hotel war e Restaurant mat - op der Säit vun der Garer Plaz - enger Veranda op zwéi Stäck an enger Terrasse vu wou aus d'Clienten déi ganz Plaz iwwerblécke konnten. D'Spezialitéiten am Restaurant ware Frellen a Kriibsen. Op der nërdlecher Säit vum Gebai war e Blummegaart mat Bänke fir ze raschten.

Den Hotel huet 1960 zougemaach an d'Gebai aus duerno ofgerappt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Hotel Clesse – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]