Op den Inhalt sprangen

Hotel International (Stad Lëtzebuerg)

Vu Wikipedia
Hotel International
Den "Inter" gëtt ofgerappt (2022)
Geographesch Donnéeën
Land Lëtzebuerg
Koordinaten 49°36'1,400"N, 6°7'59,099"O
Donnéeë vum Gebai
Datum vum Bau 1904
Ofgerappt oder zerstéiert 2022

Den Hotel International oder och einfach „Inter“ genannt, war en Hotel vis-à-vis vun der Gare an der Stad Lëtzebuerg, op den Nummeren 20-22 vun der Garer Plaz.

Den Hotel ass 1904 vun der Famill Schimberg-Rennel gegrënnt ginn.

Dat ursprénglecht Gebai ass 1918 vum neie Proprietär M. Wagner ofgerappt a mat engem neie Gebai mat dräi Stäck ersat ginn.

1923 koum den Hotel an de Besëtz vun der Famill Klein-Wagner, déi den Hotel verlount huet.

No de Pläng vum Camille Blanc gouf den Hotel 1947 vergréissert; et goufen dunn 30 Zëmmeren op véier Stäck an e Restaurant mat 50 Plazen.

D'Gebai gouf 1960 nees ofgerappt fir op Basis vu Pläng vum Pierre Reuter als Hotel mat 60 Zëmmeren nei gebaut ze ginn.

Uganks vun den 1990er-Joren huet déi nei Proprietärin Pia Kottmann den Hotel renovéiert fir en un déi neist Sécherheetsbestëmmungen unzepassen. 2004 huet d'Gebai du vum Architekt Romain Hoffmann eng gliese Fassad kritt.

Den Hotel hat am Joer 2015 ronn 70 Zëmmeren an e Restaurant „Am Inter“ um Rez-de-chaussée.

Am Joer 2022 ass d'Gebai ofgerappt ginn.

 Commons: Hotel International (Stad Lëtzebuerg) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]