Hueldang

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der belscher Uertschaft Hueldang (Halanzy). Fir déi lëtzebuergesch Uertschaft mam änlechen Numm, kuckt wgl. Huldang.
Halanzy
lb: Hueldang
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Lëtzebuerg
Arrondissement Arel
Gemeng Éibeng
Koordinaten 49° 33’ 35’’ N
      05° 44’ 35’’ O
Telefonszon 063
Postcode 6792

Hueldang (däitsch: Holdingen, franséisch: Halanzy, Gaumais: Halazi) ass eng kleng Uertschaft an der Gemeng Éibeng an der Provënz Lëtzebuerg, op der Grenz mat Frankräich. Et ass eng Nopeschuertschaft vu Mäertesbierg an der Meurthe-et-Moselle.

Vum Mëttelalter bis zur belscher Gemengereform vun 1977 war Hueldang een onofhängeg Gemeng. 1977 huet Hueldang a seng Nopeschdierfer mat der Gemeng Éibeng fusionéiert.

Zu der Sektioun Hueldang gehéieren d'Uertschafte Beetem an Esch-op-der-Huurt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Uertschaften an der Gemeng Éibeng

Sektiounen: AttemÉibengHueldangRéiseg
Uertschaften: Esch-op-der-Huurt · Beetem · Gierleng