IC 2220

Vu Wikipedia
Date vum IC 2220
Foto opgeholl vum Very Large Telescope, déi d'charackteristesch Boustruktur vum Niwwel weist
.
Stärebild Carina (Car)
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Rektaszensioun 07h 56m 51.3s
Deklinatioun - 59° 07' 31"
Ausgesinn
Hubble-Typ
Visuell Magnitude +11,2 m
B-Band +11,8 m
Wénkelduerchmiesser 6,8' × 5,9'
Flächenhellegkeet 14,9 mag/arcmin2
Physikalesch Daten
Distanz 1200 Liichtjoer
Routverrécklung -0,001161 ± 0,000003
Heliozentresch radial relativ Vitess -384 ± 1 km/s
Katalogbezeechnungen
IC  2220, AM 0755-585, ESO 124-3

Den IC 2220, och Toby Jug Niwwel genannt, ass e Reflexiounsniwwel, deen 1200 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Carina läit. Hien ass am Index-Katalog agedroen.

De Reflexiounsniwwel besteet aus enger Wollek vu Gas a Stëbs, déi vu bannen eraus vum de Stär HD 65750 beliicht gëtt. De Stär gehéiert zum Typ vun de Roude Risen an huet déi fënneffach Mass vun eiser Sonn. Obschonn hie mat senge 50 Millioune Joer relativ jonk ass, ass en an engem däitlech geräifte Stadium vu sengem Liewen. An där Phas verléiert de Stär stänneg en Deel vu senger Mass un d'Ëmgéigend. Dat Material killt of a bilt d'Gas- an d'Stëbswolleken. De Stëbs besteet dobäi aus Elementer wéi Kuelestoff an einfachen, hëtztresistente Molekülle wéi Titandioxid a Kalziumoxid. Fir den IC 2220 hunn detailléiert Ënnersich vum Objet am Infraroutliicht gewisen, datt Siliziumdioxid wuel de Bestanddeel ass, deen am warscheinlechste fir d'Reflexioun vum Stäreliicht verantwortlech ass.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie