Festival International Echternach

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Iechternacher Museksfestival)

De Festival International Echternach oder Iechternacher Museksfestival war e Festival vun internationaler Renommée fir klassesch Musek, deen tëschent 1975 an 2017 zu Iechternach ofgehale gouf. Den Iechternacher Musekfestival gouf vum Veräin Luxfestival a.s.b.l. organiséiert.[1] 2019 huet den Echterlive Festival d'Nofolleg vum Iechternacher Museksfestival iwwerholl.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den zwéi Lëtzebuerger Museksfrënn Georges Calteux a Jean Kraft koum bei engem Concert an enger Kierch a Spuenien d'Iddi, déi Iechternacher Basilika och fir Concerten ze benotzen.

Doheem ass d'Iddi gutt ukomm an den Iechternacher Musekfestival ass dunn am Joer 1975 gegrënnt ginn. Ënner de Frënn vum Festival ware besonnesch de bekannte Pianist Cyprien Katsaris, deen de Festival als musikalesche Leeder méi wéi 30 Joer markéiert huet an och den Adrien Meisch, dee vun 1985 bis 2007 de President vum Festival war, déi gehollef hunn, de Festival international bekannt ze maachen.

Den 20. November 2007 huet de Georges Santer, deemools Ambassadeur vu Lëtzebuerg zu Paräis, d'Presidenschaft vum Festival iwwerholl. Den Adrien Meisch bleift dem Festival als Éierepresident verbonnen. Am Mäerz 2013 huet de Julien Alex d'Nofolleg vum Georges Santer als President ugetratt.

Museker[änneren | Quelltext änneren]

Beim Iechternacher Festival si musikalesch Gréisste wéi Benny Goodman, Yehudi Menuhin, Mstislaw Rostropowitsch, Montserrat Caballé, Anne-Sophie Mutter, Gidon Kremer, Alfred Brendel oder, 2009 z. B., Arcadi Volodos, Christian Zacharias oder George Benson grad sou opgetrueden, wéi och Nowuessmuseker a Präisdréier vu Lëtzebuerg an aus dem Ausland.

Vill musikalesch Wierker haten um Iechternacher Festival hir Uropféierung. Si sinn am Optrag vum Festival entstane fir jonk Komponisten z'ënnerstëtzen.

Vun 2008 bis 2017 war am Kader vum Festival am September och en Deel mat Jazzmusek.

Wéini a wou[änneren | Quelltext änneren]

De Festival war all Joer an de Méint Mee, Juni a Juli. Et sinn awer och mol Concerten an anere Méint méiglech.

D'Concerte sinn op dräi Plazen zu Iechternach an aner Plazen am Land verdeelt:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Den 2. Februar 2018 huet sech de veranstalter Luxfestival a.s.b.l. opgeléist. Quellen: a. 100,7, Riicht eraus - Zäsur an der Festivalzeen, 11. Februar 2018, 18:30-19:30. b. http://www.echternachfestival.lu/festival-dechternach-la-fin-dune-epoque-apres-43-ans-dexistence/.