Anne-Sophie Mutter

Vu Wikipedia
Anne-Sophie Mutter
Gebuer 29. Juni 1963
Rheinfelden (Baden)
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Hochschule für Gestaltung und Kunst
Aktivitéit Violonist, Musekspedagog
Member vun American Academy of Arts and Sciences
Famill
Bestuet mat André Previn

D'Anne-Sophie Mutter, gebuer den 29. Juni 1963 zu Rheinfelden a Baden-Württemberg, ass eng däitsch Violonistin.

Biographie[änneren | Quelltext änneren]

Am Alter vu fënnef Joer fänkt d'Anne-Sophie Mutter mam Pianoscours un, kuerz duerno gëtt och hiert Talent fir d'Violinspill entdeckt. Beim Erna Honigberger, enger Schülerin vum däitsch-ungaresche Violinvirtuos Carl Flesch (1873-1944), hëlt si Unterrecht. 1970 gewënnt si mat hirem aussergewéinlechen Talent de Concours Jugend musiziert mat der Mentioun Éischte Präis mat besonnescher Auszeechnung. Och am Fach Piano véierhänneg huet si mat hirem Brudder Christoph den éischte Präis gewonnen. Nom Doud vum Erna Honigberger geet d'Anne-Sophie Mutter an de Conservatoire zu Winterthur, wou si Unterrecht bei enger anerer Flesch-Schülerin, der Aida Stucki, hëlt.

E grousse Schrëtt an hirer Karriär war, wéi se den Dirigent Herbert von Karajan am Joer 1976 begéint huet, deem déi jonk an aussergewéinlech Violonistin opgefall ass. Hien huet si op Berlin invitéiert, fir virzespillen, an huet si kuerz duerno dem Publikum als Solistin bei de Berliner Philharmoniker virgestallt. Wéi no an no doraus eng reegelméisseg Zesummenaarbecht entstanen ass, huet déi als Wonnerkand consideréiert Anne-Sophie Mutter ëmmer méi eng grouss international Renommée krut a spillt zanterhier mat de berüümtsten Ensembelen an der ganzer Welt.

D'Anne-Sophie Mutter engagéiert sech ganz vill an der Fërderung vu jonke Museker. 1986 huet si fir d'éischt Kéier an der Royal Academy of Music zu London eng Violinklass ënnerriicht, ee Joer drop huet si d'Rudolf-Eberle-Stiftung gegrënnt, déi europawäit jonk Sträicher fërdert an ënnerstëtzt. 1997 koum de Freundeskreis der Anne-Sophie-Mutter-Stiftung derbäi, dee sech weltwäit engagéiert. Um Häerz leien hir awer och medezinesch a sozial Projeten. Fir déi z'ënnerstëtzen, gëtt si reegelméisseg Beneficeconcerten. An dësem Kontext huet si och den 30. September 2005 an der Philharmonie zu Lëtzebuerg e Concert ginn, deem säin Erléis un SOS Villages d'Enfants Monde goung.

D'Kënschtlerin huet 1988 den däitschen Affekot Dr. Detlev Wunderlich bestuet, mat deem si zwee Kanner huet, d'Arabella Sophie (gebuer 1990) an de Richard (gebuer 1994). 1995 stierft hire Mann u Kriibs. Den 9. August 2002 bestit si sech zu New York fir d'zweet. Hire Mann gëtt de 34 Joer méi ale franséische Komponist, Pianist an Dirigent Sir André Previn. No Aussoe vun hirem Brudder a Manager Andreas gouf dat Bestietnes am Laf vum August 2006 gescheet.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Vun den Opnamen, bei deene si zanter den 1970er Jore matgewierkt huet, sinn der vill präisgekréint ginn. Mä och fir hiert soziaalt Engagement huet si Auszeechnunge kritt, sou z. B. d'Bundesverdienstkreuz 1. Klasse, de Bayerischer Verdienstorden, d'Verdienstmedaille des Landes Baden-Württemberg an d'éisträichescht Ehrenkreuz für Wissenschaft und Kunst. Am Joer 2002 krut si de Bayerischen Maximiliansorden für Wissenschaft und Kunst an de Kulturellen Ehrenpreis der Landeshauptstadt München. Am Juni 2003 gouf si vum Bayeresche Staatsmisterium fir Wëssenschaft, Fuerschung a Konscht mat der Auszeechnung Pro Meritis Scientiae Et Litterarum geéiert.
17. Oktober 2005: Echo-Klassik-Präisser vun der Deutschen Phono-Akademie an der Kategorie "Instrumentalistin vum Joer" an an der Kategorie "Welt-Éischtaspillung vum Joer" fir d'Wierk Sur le même accord vum Henri Dutilleux.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]