Interkommunalitéit

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Interkommunalitéit (lat.: inter = tëscht; däitsch: kommunal = wat mat Gemengen ze dinn huet) bezeechent eng Zesummenaarbecht tëscht Gemengen, déi et erlaabt, eng Partie Kompetenzen zesummen auszeféieren.

Beispiller fir déi Kompetenzberäicher sinn: Waasserversuergung, Kläranlagen, Industriezonen, Schoulen, etc.

D'Interkommunalitéit ass a verschidde Länner no an no agefouert ginn, an der Belsch wou d'Struktur "Intercommunale" genannt gëtt, an Däitschland gëtt et "Verbandsgemeinden" an a Frankräich gëtt et verschidden Aarte vun Interkommunalitéit, z. B. de "syndicat intercommunal" oder d'"communauté de communes".

Zu Lëtzebuerg existéiere verschidde Forme vun der Interkommunalitéit, sou z. B.:

  • d'interkommunal Syndikater oder Gemengesyndikater, Etablissementer vu ëffentlechem Recht fir d'Zesummenaarbecht vu Gemengen, déi Gemengen zesummeschléisse fir gemeinsam Wierker oder Intressien ze realiséieren;
  • den Naturpark.

Gemenge kënnen och ënner dem Statut vun enger europäescher wirtschaftlecher Interessevereenegung kooperéieren. E Beispill vu sou enger Kooperatioun ass Islek ohne Grenzen EWIV.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]