Op den Inhalt sprangen

Irène Nadler

Vu Wikipedia
Irène Nadler
Gebuertsnumm Irene Helena Nadler
Gebuer 20. Mäerz 1921
Lëntgen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Molerin
Member vun Cercle artistique de Luxembourg

D'Irene Helena (Irène) Treinen-Nadler, gebuer den 20. Februar 1921 zu Lëntgen, ass eng lëtzebuergesch Molerin.[1]

D'Irène Nadler ass d'Duechter vum Fierwer Robert Nadler an der Walburga Rettinger.[2] Hir kënschtleresch Ausbildung krut si zu Tréier an an enger Rei vun Atelieren.[3] 1946 huet si sech mam Dokter Joseph Treinen bestuet.

D'Nadler huet realistesch Landschafte gemoolt, Vuë vun Häfen an Nature-morten.[4] Si war Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg (CAL), wou si vun 1946 bis 1963 bei den alljärleche Salone matgemaach huet.[1] 1955 huet si op der 3. Biennale zu São Paulo ausgestallt. De Konschtkritiker Joseph-Émile Muller huet am Katalog geschriwwen, datt si sech an änleche Sphären wéi de Klee beweegt.[5] 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Josée Gloden, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse a Lily Unden.[6]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Gebuertsschäin n° 4, 1921.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 236.
  4. Lambert Herr (1992) Anthologie des arts au Luxembourg. Lëtzebuerg: Editions Emile Borschette. ISBN 2-87982-034-0. S. 272.
  5. 3ª Bienal de São Paulo (1955) - Catálogo, S. 155.
  6. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.