Italieenesch Kricher
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Italieenesch Kricher waren eng Rei vu Konflikter vu 1494 bis 1559, déi sech zum gréissten Deel um Gebitt vum haitegen Italien ofgespillt hunn. Nieft alle gréisseren europäesche Staate waren och bal all italieenesch Staaten an souguer d'Osmanescht Räich doru bedeelegt. An Allianzen, déi ëmmer nees gewiesselt hunn, goufen zimmlech ënnerschiddlech Krichsziler verfolleg. Zu de Kricher koum et duerch en dynastesche Konflikt ëm d'Kinnekräich Neapel, deen an engem europäesche Muechtkampf tëscht dem franséische Kinnekshaus Valois an den Habsburger eskaléiert ass. D'Kricher si 1559 mam Fridde vu Cateau-Cambrésis zu Gonschte vu Spuenien op en Enn gaangen.
- Avant que Charles, roi de France, ne passât en Italie, cette province était sous l'empire du pape, des Vénitiens, du roi de Naples, du duc de Milan et des Florentins. Ces potentats devaient avoir deux soucis principaux: l'un, qu'un étranger n'entrât pas en armes en Italie, l'autre, qu'aucun d'entre eux n'agrandît son état. Ceux dont on se souciait le plus étaient le pape et les Vénitiens.[1]
D'Kinnekräich Italien, wat nom Enn vum karolengesche Räich entstane war, ass schonn am 10. Joerhonnert ënner d'Virherrschaft vum däitsche Keeser Otto I. geroden. An dësem däitsch-italieenesche Groussräich hu sech de Poopst an de Keeser ëm d'Virherrschaft gestridden[2]. Dës Streidereien hunn an den italieenesche Gemengen de Géigesaz tëscht Ghibellinen a Guelfen zur Folleg gehat. No an no hu sech déi italieenesch Stadstaate vun der Virherrschaft vum Hellege Réimesche Räich lassgerappt[3], sinn duerno awer duerch Kämpf tëscht verschiddenen Adelsfamilljen ënner d'Herrschaft vun eenzele Fürste geroden. Dës Fürsten hu versicht, hir Muecht an hiren Aflossberäich duerch Sëldnerarméien (Condottieri) z'erweideren. Déi Entwécklung huet sech bis zum Fridde vu Lodi (1454) konsolidéiert, dee versicht huet, e Gläichgewiicht (wann och labil) tëscht den onofhängegen italieenesche Staaten ze schafen.
Vun Norden no Süden huet sech Italien an der Renaissance follgendermoosse presentéiert:
- d'Herzogtum Savoie (Savoie a Piemont) ënner dem Haus Savoie;
- d'Markgrofschaft Saluzzo;
- d'Markgrofschaft Montferrat ënner de Palaiologen;
- d'Republik Genua mat Korsika ënner de Visconti;
- d'Herzogtum Mailand ënner de Sforza;
- d'Republik Venedeg ënner den Dogen;
- d'Markgrofschaft Mantua ënner de Gonzaga;
- d'Herzogtümer Ferrara a Modena ënner den Este;
- d'Republik Lucca
- d'Republik Florenz ënner de Medici;
- d'Republik Siena
- de Kierchestaat ënner dem Poopst;
- d'Kinnekräich Neapel-Sizilien ënner enger Niewelinn vun Aragon.
Literatur zum Theema
[änneren | Quelltext änneren]- Thomas F. Arnold, Les guerres de la Renaissance XVe-XVIe siècles, Autrement, Paräis, 2002.
- Danielle Boillet a Marie-Françoise Piejus, Les guerres d'Italie: histoire, pratiques, représentations, CIRRI, Université de la Sorbonne Nouvelle, Paräis, 2002.
- Jean-Louis Fournel a Jean-Claude Zancarini, Les guerres d'Italie - Des batailles pour l'Europe (1494-1559), Gallimard, Paräis, 2003 (ISBN 2-07-053281-X)
- F.L. Taylor, The art of war in Italy (1494-1529), Cambridge, 1921.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Italieenesch Kricher – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Machiavelli, Il Principe; Fournel & Zancarini, op.cit., S. 15.
- ↑ Vgl. Investitursträit.
- ↑ Vgl. Schluecht vu Legnano