Jangharishaff
Ausgesinn
Jangharishaff | |
---|---|
De Jangharishaff (2024) | |
An anere Sproochen |
fr: Jeanharis de: Jeanharis |
Land | Lëtzebuerg |
Kanton | Gréiwemaacher |
Gemeng | Jonglënster |
Buergermeeschter | Bernard Ries (DP) |
Koordinaten |
49° 44’ 30’’ N 06° 15’ 55’’ O |
De Jangharishaff (och nach Jeanharishaff oder gekierzt Jangharis / Jeanharis) ass e Lieu-dit an e Bauerenhaff an der Gemeng Jonglënster. E läit an enger Säitestrooss zirka 150 m vun der N14, tëscht Jonglënster an dem Blummendall.
Zum Haff gehéiert och eng Mariekapell, déi 1852 gebaut gouf[1].
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Kapell Jangharishaff.
Awunner
[änneren | Quelltext änneren]Op den 1. Dezember 1890 hu 27 Leit zu Jangharis gewunnt[2]; aus der Vollekszielung vun ëm 1900 geet ervir, datt deemools 34 Katholicken do gewunnt hunn[3].
Op den 31. Dezember 1960 huet d'Vollekszielung 21 Awunner festgehalen[4].
Prominent Awunner
[änneren | Quelltext änneren]- De Paul Helminger huet Enn vun den 1970er Joren zu Jangharis gewunnt[5].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]- Lëscht vun de Lëtzebuerger Gemengen
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften
- Lëtzebuerger Kantonen
- Entwécklung vun der Gemengenzuel zu Lëtzebuerg
- Lëscht vun de Lëtzebuerger Stied
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Jangharishaff – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Informatioun op der Plack: 2002 ass d'150-järegt Bestoe gefeiert ginn
- ↑ (fr)Arrêté du 29 mai 1891. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg = Memorial des Großherzogthums Luxemburg, p. 357. (29.05.1891). Gekuckt de(n) 10.02.2024.
- ↑ (de)Volkszählung. Luxemburger Wort, 1900. Jg., nº 361, p. 3. (28.12.1900). Gekuckt de(n) 10.02.2024.
- ↑ (fr)Bulletin statistique. Gekuckt de(n) 10.02.2024.
- ↑ (de)Junglinster - Ovation. Luxemburger Wort, 132. Jg., n° 194, p. 5. (24.08.1979). Gekuckt de(n) 10.02.2024.