Jean-Baptiste Gellé
Ausgesinn
Jean-Baptiste Gellé | |
---|---|
Gebuer |
23. Juli 1777 Créhange |
Gestuerwen |
16. Mäerz 1847 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Jean-Baptiste Gellé, gebuer den 23. Juli 1777 zu Créhange a gestuerwen de 16. Mäerz 1847 an der Stad Lëtzebuerg, war en héije Beamten a Regierungsmember zu Lëtzebuerg.
Hie war Secrétaire d'Etat adjoint, Divisiounschef vum Département des Forêts, Regierungssekretär, President vun der Unterrechtskommissioun, Generalsekretär an da vun 1840 bis 1847 Member vun der Regierung. Hie war och President vun der Fräimaurerloge.
Nom Jean-Baptiste Gellé ass eng Strooss zu Bouneweg benannt; se verleeft als Verlängerung vun der rue Fernand d'Huart bis bei d'rue Pierre Krier.