Op den Inhalt sprangen

Jean-Paul Endré

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Paul Endré
Gebuer 31. Juli 1960
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 17. August 2024
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg

De Jean-Paul Endré, och bekannt ënner dem Pseudonym Teacher, gebuer den 31. Juli 1960 zu Esch-Uelzecht[1], an och do gestuerwen de 17. August 2024[2],[3], war e lëtzebuergesche Museker an Auteur.

Liewen a Karriär

[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première 1977 am Escher Jongelycée huet de Jean-Paul Endré fir Schoulmeeschter studéiert a vun 1981 un an deem Beruff geschafft.[1]

Hie war 1983 Grënnungsmember a Frontmann vun der Rockmusek-Band Djuju.[2]

2002 war hien Auteur vun engem Kannerbuch mam Titel Edgar der Rabe, Eine Geschichte für Kinder und Erwachsene.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 Fiche op autorenlexikon.lu; nogekuckt: 19.08.2024.
  2. 2,0 2,1 „De Jean-Paul Endré ass am Alter vu 64 Joer gestuerwen.“ rtl.lu, 19.08.2024.
  3. Familljenannonce am Luxemburger Wort vum 21. August 2024, S. 34