Jean-Pierre Michels
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Politiker Jean-Pierre Michels. Fir säi Jong, den Architekt a Kënschtler, kuckt wgl. Jemp Michels. |
Jean-Pierre Michels | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 20. Dezember 1877 |
Gestuerwen | 7. Februar 1917 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Politiker |
De Jean-Pierre Michels, gebuer den 20. Dezember 1877 zu Schëffleng, gestuerwen de 7. Februar 1917 zu Esch-Uelzecht[1], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann a Politiker.
Hie war ufanks Metzler an der Hiel, duerno Händler mat Wäin, Branntewäin an Tubak an der Other Strooss (haut: Boulevard J.F. Kennedy).[2]
Vun 1912 bis zu sengem Doud, als Folleg vun enger Longenentzündung, war hie Buergermeeschter vun Esch-Uelzecht.[3]
Bei de Chamberwale vum 9. Juni 1915 am Kanton Esch-Uelzecht krut de Jean-Pierre Michels 2546 Stëmmen[4], domat koum hien an Stéchwale vum 16. Juni 1915 am Kanton Esch wou hie mat 3663 als Deputéierten an d'Chamber gewielt gouf.[5] Hien ass bis zu sengem Doud Deputéierte bliwwen.[6]
Hie war bestuet mat der Anne Hélène Hamilius a Papp vum Architekt a Kënschtler Jemp Michels.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 298
- ↑ "Caves Micels Battin." Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette. Video - Serie: Guide historique et architectural Esch-sur-Alzette, CD2H, Denis Scuto, 2020.
- ↑ Groussherzogleche Beschloss vum 3. August 1912 am Mémorial N° 60 vum 10. August 1912, S. 752-753
- ↑ Resultat der Kammerwahlen vom 9. Juni. am Luxemburger Wort vum 10. Juni 1915
- ↑ Stichwahlen vom 16. Juni. am Luxemburger Wort vum 17. Juni 1915
- ↑ Leichenfeierlichkeit des Herrn J.-P. MICHELS, Bürgermeister der Stadt Esch, Müglied der Deputiertenkammer. am Escher Tageblatt vum 10. Februar 1917