Jean-Pierre Pier

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Schoulmeeschter Jean-Pierre Pier. Fir de Mathematiker a Professer vun der Universitéit Lëtzebuerg mam änlechen Numm, kuckt wgl. Jean-Paul Pier.
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean-Pierre Pier
Gebuer 29. August 1870
Mamer
Gestuerwen 7. Februar 1970
Réimech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Schoulmeeschter

De Jean-Pierre Pier, gebuer den 29. August 1870 zu Mamer a gestuerwen de 7. Februar 1970 zu Réimech, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

No sengem Studium an der Normalschoul, war de Pier vun 1896 bis 1935 Schoulmeeschter zu Bouneweg. Als Member a President vun der Kierchefabréck war hien aktiv bei de Manifestatiounen an der Par.

De Pier huet 1939 eng Chronik iwwer Bouneweg erausginn, an där hien den Urspronk an d'Entwécklung vum Quartier, déi sozial Struktur vun den Awunner, déi militäresch Evenementer iwwer d'Joerhonnerten, d'Geschicht vum Klouschter an d'Entwécklung vun der Par ënnersicht huet.

Auszeechnungen[änneren | Quelltext änneren]

Wierker (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1906: “Stand der Dienstwohnungen des Lehrpersonals unserer Primärschulen”, Luxemburg: M. Huss, 14 S.
  • 1908: “Das internationale Büreau für Lehrervereine und der Luxemburger Lehrerverein”, Luxemburg: P. Worré-Mertens, 16 S.
  • 1939: “Bonneweg in Mittelalter und Neuzeit und seine geschichtlichen Beziehungen zu Hollerich”, Luxemburg: Sankt-Paulus-Dr., 244 S.
  • 1950: “Die Bewegung der Bevölkerung in den Gemeinden unseres Landes wärend der letzten hundert Jahre: Von 1847-1947: Nach den Ergebnissen der Volkszählungen”, Separat-Abdruck aus der Zeitschrift: Heimat und Mission, Hefte 2 und 3, Jahrg. 1950
  • 1952: “Von der Leproserie und den Zisterzienserinnen in Bonneweg: Beitrag zur Feier des 800. Todestages vom hl. Bernhard, Stifter des Ordens der Zisterzienser”, an: Heimat und Mission
  • 1965: “Religiöse Kultstätten in Bonneweg”, an: Marie Notre-Dame, Reine de la Paix: plaquette éditée à l'occasion de la consécration de l'église paroissiale de Bonnevoie, Luxembourg: Impr. St-Paul

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Memorial N°4 vun 1929 mat enger Lëscht vu Leit déi am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen
  2. Henri Beck, 1992, Was bedeuten die Straßennamen der Stadt? Ons Stad, Nr 40, S. 36