Op den Inhalt sprangen

Jean Eiffes

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Jean Eiffes
Gebuer 8. September 1889
Diddeleng
Gestuerwen 22. Juli 1961
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Museker

De Jean ("Jeng") Eiffes, gebuer den 8. September 1889 zu Diddeleng[1], an och do den 22. Juli 1961 gestuerwen[2], war e lëtzebuergesche Komponist a Museker.[3]

Liewen a Karriär [1]

[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Eiffes huet um Stater Conservatoire beim Fernand Mertens Harmonie geléiert an huet 1912 ugefaangen, Privatcoursen ze ginn. Hie war Dirigent vum Cercle Symphonique sa vum Gesangveräin Eintracht. Bal 20 Joer laang war hien Orchesterchef am Kino Gehrend bei der Projektioiun vu Stommfilmer. Vun 1940 bis zu senger Pensionéierung, 1954, war hie Gesangsleerer an de Primärschoulen.

Hien huet lëtzebuergesch Gedichter vertount, dorënner der eng 25 vum Willy Goergen, an d'Musek fir Lëtzebuergesch Operetten an Theaterstécker komponéiert, dorënner där vum Metty Dahm a vum Jim Hoffmann. 1960 huet d'Diddelenger Gemeng e Bichelchen erausgi mat senge bekanntste Kompositiounen.

Fir un hien z'erënneren, gouf an den 1960er Joren zu Biereng eng Strooss no him genannt. D'Rue Jean-Eiffes verbënnt d'Rue Alexandre Fleming mat der Rue Théodore Thiel. (49° 29’ 25.4’’ N 06°° 05’ 29.9″’’ O)

Säi Jong René Eiffes huet fir säin 10. Doudesdag e Marsch komponéiert, de Jean-Eiffes-Marsch, deen du vun der Diddelenger Musek wärend enger Feier gespillt gouf.[4]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 "Zum 10. Todestag von Jean Eiffes." In: Luxemburger Wort, 124. Jg., n° 203 (22.07.1961), p. 4 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  2. Avis de décès 9 Page 8. In: Luxemburger Wort, 114. Jg., n° 205 (24.07.1961), p. 8 [Digitised by the National Library of Luxembourg].
  3. De Jean Eiffes op musique.uni.lu
  4. "Imposante Jean Eiffes-Feier in Düdelingen." In: Luxemburger Wort, 124. Jg., n° 167 (16.06.1971), p. 9 [Digitised by the National Library of Luxembourg].