Jean Feltes

Vu Wikipedia
Jean Feltes
Gebuer 12. November 1885
Gëtzen
Gestuerwen 11. November 1959
Lampertsbierg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Sproocheprofesser, Linguist

De Jean Feltes, gebuer den 12. November 1885 zu Gëtzen a gestuerwen den 11. November 1959[1] um Lampertsbierg, war e lëtzebuergesche Sproocheprofesser a Linguist.

Nom Kolléisch huet hien zu Paräis an zu München Griichesch studéiert, an duerno an England Englesch. Hien huet 1918 eng gréisser Aarbecht iwwer Dichtung, déi sech mat Déieren ofginn huet, publizéiert. Och mat Phoneetik huet hie sech vill befaasst.

Nom Zweete Weltkrich gouf e vum Educatiounsministère chargéiert, eng Orthographie fir d'Lëtzebuergesch auszeschaffen. D'Offiziell Lëtzebuerger Orthographie konnt sech awer net duerchsetzen, well hiert Schrëftbild ze vill vun deem vum Däitschen, dat d'Leit gewinnt waren, ofgewach ass.

Gielchen[2][änneren | Quelltext änneren]

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Feltes, Jean. 1928. “Miscellanea Phonetica.” Journal de l'Association des Professeurs de l'Enseignement supérieur et moyen (23): 12-16.
  • Feltes, Jean. 1946. “Letzeburgesch an Englesch.” In Festschrift dem Nik Welter fir sei 75. Geburstag iwerrêcht, Luxembourg, p. 11-14.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Aschreiwung am Luxemburger Autorenlexikon
  2. Doudesannonce vum Jean Feltes. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (13 November 1959). Gekuckt de(n) 2023-01-11.