Jean I. vu Brabant

Vu Wikipedia
Jean I. vu Brabant
Gebuer 1252 jul.
Bréissel
Gestuerwen 3. Mee 1294 jul.
Bar-le-Duc
Aktivitéit Schrëftsteller, Politiker, Komponist, Dichter
Famill
Bestuet mat Marguerite vun Dampierre
Kanner Jang II. vu Brabant, Margréit vu Brabant, Marie vu Brabant, Jean Meeuwe, Marguerite vun Tervueren

De Jean I., genannt le Victorieux; gebuer 1252 oder 1253 zu Léiwen a gestuerwen den 3. Mee 1294 zu Bar-le-Duc, war Herzog vu Brabant a Limburg.

Hie war deen zweeteelste Jong vum Herzog Henri III. vu Brabant an der Adelheid (Aleidis) vun der Bourgogne.

1267 huet hie vu sengem Brudder Henri IV. dee geeschteg net op der Héicht war, d'Herrschaft iwwerholl. Hien huet sech 1270 mat der Marguerite, enger Duechter vum Louis IX. vu Frankräich bestuet, an säin Afloss domat enk un de franséischen Troun gebonnen. 1284/85 huet e säi Schwoer Philippe III. vu Frankräich bei deem senge Campagne géint Aragonien ënnerstëtzt, dee sengesäits mam Jean senger Schwëster Marie bestuet war. D'Marguerite ass 2 Joer dono, nodeems s'e Kand op d'Welt bruecht hat, gestuerwen.

Hie war jorelaang Mat-Regent an Holland, huet dës Régence awer 1280 opginn, fir d'Ënnerstëtzung vun Holland am Limburger Ierffollegsträit ze gewannen. Hien huet sech mam Herzogtum Kleve, dem Herzogtum Berg, der Grofschaft Mark an der Stad Köln zesummegedoen, an zesummen hu si d'Schluecht vu Worringen gewonnen, bei där op der géignerescher Säit den Äerzbeschof vu Köln, Siegfried von Westerburg, d'Herzogtum Geldern an d'Herzogtum Lëtzebuerg stoungen. Domat ass d'Herzogtum Limburg a säi Besëtz iwwergaangen, an e gouf och Schutz-Prévot vum Bistum Léck.

1292 gouf e vum däitsche Kinnek Adolf vun Nassau zum Reichspfleger um Nidderrhäin ernannt.

Den Herzog Jean vu Brabant und a véier doudeg Lëtzebuerger (lénks) an der Schluecht vu Worringen (14. Jh.)

De Jean war en dichtegen a gefaarte Kämpfer vun Turnéieren. An der Schluecht vu Worringen huet hien de Grof Heinrich VI. vu Lëtzebuerg an dräi vu senge Bridder ermëlzt.

Kanner[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'zweet war hie mat der Marguerite vu Flandern-Dampierre bestuet (* 1250/55 † 3. Juli 1285). Hir Kanner:

  • Godefroi (* 1274 † 1302)
  • Jean II. vu Brabant (* 27. September 1275 † 27. Oktober 1312)
  • Margréit vu Brabant (* 4. Oktober 1276 † 14. Dezember 1311), huet sech 1292 mam Grof vu Lëtzebuerg a spéidere réimesch-däitsche Kinnek Heinrich VII. bestuet
  • Marie (* ëm 1278 † 2. November 1338), huet sech 1297 mam Grof Amadeus V. vun der Savoie bestuet.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean I. – Biller, Videoen oder Audiodateien